Dee 15. Album vun den Aventure vum Corto Maltese ass schonn deen drëtten, dee vun zwee spueneschen Auteuren als Reprise vun der Serie zanter dem Doud vun hirem Createur Hugo Pratt, realiséiert ginn ass. An deen Episod geet zeréck bis ganz un den Ufank vun der Serie.

19/11/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert Corto Maltese 15 - Le jour de Tarowean)

U sech esouguer nach e bësschen méi wäit, well an dësem neien Album gëtt u sech erzielt, wat just virun der "Ballade de la mer salée" geschitt ass, deem alleréischte Corto Maltese. An esou hält dësen Album mat deem Bild un, mat deem d'"Ballade en mer salée" ufänkt.

De Corto a säin Äerzfeind Rasputin ginn hei an een historesche Konflikt verwéckelt, dee virum éischte Weltkrich am Pazifik gespillt huet, an enger Regioun déi vun de Britten dominéiert war.

Grad ewéi am Original ass och an deenen dräi Albumen, déi vum Juan Diaz Canalez a Ruben Pellejero realiséiert gi sinn, den Toun an deem d'Geschicht erzielt gëtt, ganz wichteg. Et ass eng grouss Aventure, mä et ass och eng Aventure, fir déi ee sech als Lieser Zäit muss huelen.

An och wann een all d'Elementer aus dem Hugo Pratt sengem Wierk erëm fënnt, bréngen déi zwee Auteuren, virop den Zeechner Ruben Pellejero et fäerdeg, keng bëlleg Kopie ze realiséieren, mä och hiren eegene Stil mat afléissen ze loossen.

Och den Zeenarist Juan Diaz Canalez probéiert, net just eng Kopie vun deenen Albumen ze schreiwen déi et scho gouf, éier hien d'Serie konnt iwwerhuelen. Dofir geet hie bis un d'Quellen, déi Wierker déi schonn de Pratt fir säi Wierk inspiréiert hunn. Dat fänkt bei de Romaner vum Robert Louis Stevenson oder Jack London, mä och bei den Hollywood Filmer aus den 1940er a 50er Joren.

Déi Filmreferenzen fënnt een net nëmmen an de Biller, mam Spill tëscht Luucht a Schied, mä och an den Texter, a virun allem an den Dialogen tëscht de Personnagen. An do huet den Zeenarist sech och scho fir seng Serie "Blacksad" beim Pratt sengem Stil inspiréiert.

Deen neien Album huet 82 Säiten an ass domat, grad ewéi déi aner Albume vun der Serie, méi déck ewéi de Standard. Dat ass awer och néideg, well an deem strenge Kader vum Standard kéint eng Geschicht vum Corto Maltese sech guer net richteg entfalen.

De grousse Virdeel bei hirer Reprise ass, datt d'Auteure weder vum Hugo Pratt sengen Ayants Droit, nach vum Editeur ënner Drock gesat ginn, a sech u Contrainte mussen halen. Déi eenzeg Contrainte, déi si sech selwer operluecht hunn, ass d'Biographie vum Personnage ze respektéieren. An do ginn et nach genuch Geschichten, déi just drop waarden, fir erzielt ze ginn.

Esou datt d'Zukunft vum Corto Maltese sengen Aventure geséchert ass. Net nëmmen um Pabeier, well nom Zeechentrickfilm am Joer 2002 gëtt den Ament och un enger Realverfilmung vun der Bande Dessinée geschafft.