D'Sprangprëssessioun zu Iechternach ass ee feste Rendez-vous an der Abteistad, an zanter 9 Joer gehéiert se zum Weltkulturierwen vun der Unesco. Mat dëser Traditioun gëtt un den hellege Willibrord erënnert, an deem seng Geschicht, grad ewéi d'Sprangprëssessioun, gëtt elo nei an enger Bande Dessinée erzielt.

26/11/2019 BD (Willibrord und Echternach)

Et ass net déi éischt Versioun vun dëser Bande Dessinée, et ass awer och net just eng nei Versioun vun där aler Bande Dessinée vu virun 30 Joer. Den Oflaf vun der Geschicht ass zwar bäibehale ginn, mä deen neien Zeechner, de Jean-Marie Cuzin bréngt och méi een neien, moderne Stil mat, deen awer och an der Traditioun vun historesche Bande Dessinéeën e bësschen statesch ass.

Donieft sinn Zeenen ausgewielt ginn, fir d'Bande Dessinée an ee präzisen historesche Kontext gesat gëtt, mä och dee kulturellen Impakt vun der Sprangprëssessioun soll zum Droe kommen.

Den Titel vun der Bande Dessinée ass och "Willibrord und Echternach", do geet nach guer net Riets vum Hellege Willibrord. Et geet drëm de Mënsch an de Mëttelpunkt ze stellen.

Zur Sprangprëssessioun gehéiert och déi typesch Musek. Mä Toun a Geräischer ass eppes, wat eng Bande Dessinée nach ëmmer net kann erëm ginn, och wann et graphesch Tricke ginn, fir dat duer ze stellen.

D'Bande Dessinée iwwert de Willibrord ass elo mol an dräi Sproochen erauskomm: Op Franséisch, Däitsch an Englesch. Aner Iwwersetzungen, op Lëtzebuergesch, Portugisesch an Hollännesch, sinn an der Maach.

Se kascht 16,90 EUR, an et kritt een se zu Iechternach am Syndicat d'Initiative, oder beim Libraire dee Partner vun der LSRS ass.