Ee Gallier, deem säin Numm mat engem "A" ufänkt a mat "ix" ophält, deen an d'Schwäiz reest, dat gouf et an der Bande Dessinée schonn eng Kéier. Mä anescht ewéi beim "Astérix chez les Helvètes", deen eng Parodie op d'Schwäiz vun haut ass, ass deen 38. Album vum Alix sengen Aventuren eng Geschicht an engem präzisen, historeschen, Kontext.

03/12/2019 BD (Alix T.38 - Les Helvètes)

"Les Helvètes", esou den Titel vun dësem neien Album, ass nach no engem Entworf vun engem Zeenario vum Jacques Martin, dem Créateur vum Alix, entstan. Den Zeenario deen de Jacques Martin nach zu Liefzäite geschriwwen huet, huet awer ee klenge Schéinheetsfeeler, deen et schwéier mécht, fir d'Iddi tel quel an engem Alix ëmzesetzen. Den Alix war nämlech nach ze jonk, wéi déi Tragedie geschitt ass.

An esou spillt d'Geschicht elo e puer Joer méi spéit. Den Alix gëtt vum Cäsar an d'Schwäiz geschéckt, fir do Réimer ze hëllefen ech ze etabléieren. Dobäi stousse si awer op de Widderstand vun e puer Helveten, déi sech géint déi Invasioun wiere wëllen, wärend anerer där Iddi géintiwwer méi positiv agestallt sinn. Den Cäsar wollt awer net nëmmen nei Territoire fir säi Räich erueweren, d'Schwäiz hat fir hien eng wichteg geopolitesch Bedeitung, well et eng Zort Pufferzon géintiwwer vun de Barbare war.

D'Série Alix ass bekannt dofir, schonn zu Liefzäite vum Jacques Martin, datt d'Geschichten an engem historesch präzise Kontext spillen, an och d'Zeechnungen déi Prezisioun erëmginn.

An där Traditioun schaffen natierlech och déi Auteure weider, déi seng Serien no sengem Doud iwwerholl hunn. Zesumme mam Jacques Martin senge Jongen ass de Marc Jailloux an d'Schwäiz gereest, fir do esou vill Dokumentatioun ewéi méiglech ze sammelen, déi him beim Zeechnen nëtzlech ass.

Den Alix selwer spillt an dësem Album eigentlech guer keng esou eng grouss Roll. Hien ass d'Figur, déi de roude Fuedem duerch d'Geschicht méiglech mécht, mä u sech sinn et d'Niewepersonnagen déi d'Geschicht droen. An dorënner ginn et och zwou staark Fraen, wat een Element ass, dat de Jacques Martin scho fréi a seng Geschichte mat afléisse gelooss huet, a fir deemoleg Verhältnisser eng Raritéit war.