6 Joer no "Come Prima" huet den Alfred Enn Oktober säin neien Album erausbruecht. An d'Geschicht, déi hien iwwert knapp 200 Säiten erzielt, spillt och nees an Italien.

10/12/2019 BD (Senso)

Et ass d'Geschicht vum Germano, deen a sengem Liewen näischt esou richteg op d'Rei bréngt, an ouni Computer an Handy lieft. Hie begéint op enger Hochzäit dem Elena. A wärend enger gemeinsamer Nuecht probéiere si, hirem Liewen ee Sënn ze fannen.

Datt déi zwee sech iwwerhaapt begéint sinn ass puren Zoufall. D'Elena hat u sech keng Loscht fir op déi Hochzäit ze goen an den Germano ass och nëmmen do, well hie sech am Kalenner geiert huet, an eng Woch ze fréi op ee Vernissage gefuer ass. Well d'Eisebunn grad streikt kritt hie keen Zuch méi fir heem an den Hotel an deem hien iwwernuechte wollt ass wéinst der Hochzäit komplett ausgebucht.

Den Germano an d'Elena begéine sech am Park vum Hotel. Ee Park, dee scho bal en eegene Personnage ass, an dem Alfred d'Méiglechkeet gëtt, a senge Biller Plaz ze loossen fir och mol Loft ze huelen. D'Geschicht huet eppes vun engem Theaterstéck, mä och vill vum italienesche Kino. Dat ass och keen Zoufall, well dem Alfred seng Eltere waren Theateracteuren, an hie selwer ass ee grousse Fan vum italienesche Kino, dohier och den Titel vun der Bande Dessinée, "Senso", als Uspillung un de Film vum Visconti.

Virun allem geet et an der Geschicht awer drëm, virwëtzeg ze bleiwen a sech och op net geplangt Situatiounen anzeloossen, well dat heiansdo déi Bescht Kéiere sinn, déi d'Liewen huele kann:

[CUT 3: Charme de l'inattendu]

192 Säiten, déi an der Qualitéit vu "Pourquoi j'ai tué Pierre" a "Come prima" bleiwen. Den Alfred weist mat "Senso" op en Neits, datt hien een Auteur ass deen et versteet, ganz roueg Geschichten ze erzielen, déi ënnert d'Haut ginn.