Am Hierscht ass eng Bande Dessinée erauskomm, déi eng epesch Aventure erzielt, mat vill Humor a wonnerschéine Biller. Et ass d'Suite vum Roman "El Buscón", deen de spueneschen Auteur Francisco de Quevedo 1626 erausginn huet.

17/12/2019 BD (Dee laange Reportage iwwert "Les Indes fourbes")

Am deem Roman geet et ëm den Don Pablos, ee richtege Loser, deen et awer fäerdeg bréngt, sech mat Ligen a Bedruch duerch d'Liewen ze schloen. Alles nëmme well säi Papp him schonn als Kand un d'Häerz geluecht huet, nëmmen ni ze schaffen. Um Enn vum Roman reest hien an Amerika, a genee do fänkt d'Bande Dessinée un.

Amerika gouf déi Zäit awer nach ëmmer "Les Indes" genannt, dofir och den Titel vum Album "Les Indes fourbes". Den Pablo erzielt hei, wéi hien dohi komm ass, a virun allem, wéi hien dee legendären Eldorado fonnt huet. Bei deem ganzen Epos deen an dëser Geschicht stécht, huet dem Pablo säi Liewen awer och vill Pathos opweises. An awer ass et ee Personnage deen engem sympathesch ass, villäicht och, well hie sech ni ënnerdrécke gelooss huet, och net an deene schwéierste Situatiounen. A well een ni esou ganz genee weess, wat an deem wat hien erzielt wierklech wouer ass, a wou hien déi Leit deenen hien eppes erzielt ulitt.

D'Dialoge sinn eng Freed, den Alain Ayroles orientéiert sech um Stil vum Originalroman, mat där selwechter Ironie am Ënnertoun. An all Saz deen ee liest spiert ee, mat wéi vill Genoss hien dee Personnage a säi Wee beschriwwen huet.

D'Zeechnunge si vum Juanjo Guarnido, dee virun allem duerch d'Serie Blacksad bekannt ass. Hei brécht hien awer komplett mat deem Stil, a proposéiert heiansdo Biller ewéi eng Postkaart, egal ob dat ee Schëff um Mier ass, oder eng Vue am Dschungel. Datt hien duerch d'Disney Schoul gaangen ass erkennt een och dacks an de Mimike vu senge Personnagen. Eleng fir déi 160 Säite vun dësem Album ze zeechnen war de Juanjo Guarnido 3 Joer laang beschäftegt. Een Effort deen een awer och mat Genoss an all Bild gesäit.

RTL a Frankräich huet "Les Indes fourbes" als BD vum Joer  2019 proklaméiert.

Datt ee sech esou gutt bei dëser Geschicht fillt, huet net nëmme mam Humor ze dinn, dee virun allem am Pablo senger Frechheet stécht, an an der Manéier wéi hie seng Matmënsche manipuléiert. Déi 160 Säite vum Album liese sech an engem Rëtsch, esou flott ass d'Geschicht geschriwwen a gezeechent.