Virun 10 Joer, den 2 Januar 2010 ass den Tibet, deen Zeechner vum Ric Hochet sengen Aventure gestuerwen. Mä säi Personnage lieft weider, a vun deenen neien Enquêten ass elo dee 4. Episod eraus komm.

14/01/2020 BD (Les nouvelles enquêtes de Ric Hochet T.4)

...Gérard Floener...

De Zidrou weist doran op en Neits, datt hien net nëmme gutt eege Geschichte schreiwe kann, mä et och versteet, bei enger Reprise dem Original trei ze bleiwen an awer ee frësche Schwong eran ze bréngen.

Beim Ric Hochet war ech bis elo ëmmer der Meenung, datt dat ee Personnage wier, deen zwar ni méi al gëtt, an awer mat der Zäit gaangen ass, an och scho mat Internetkriminalitéit konfrontéiert war.

Dësen neien Episod spillt awer an der Vergaangenheet, am Joer 1969. Nodeems de Ric Problemer mat der Zensur krut, well hie sech där net ënnerwerfe wëll, gëtt hie vun der Arméi agezunn, well hien an der Zäit als Weesekand net huet missen an d'Arméi. Wéi sech mëttlerweil erausgestallt huet, lieft säi Papp nach, also ass hie kee Weesekand, an dofir gëllt déi Ursaach och net. Hie kënnt an de Service de Déminage, an et dauert natierlech net laang, bis och do een Doudegen opdaucht, an de Ric probéiert eraus ze fannen, wat geschitt ass.

D'Enquête selwer ass an dësem Episod awer éischter eng Niewesaach. Vill méi ass et eng Freed, wéi de Zidrou sech ameséiert, verschidde Klischeeën mat Genoss ze verschaffen. Dozou gehéiert dem Ric säi Charakter, dee sech net gär enger Autoritéit ënnerwerft, och net wann déi eng Uniform un huet, an am Rang iwwert him steet. Wouduerch "Tombé pour la France" ee flotte subversive Charakter huet, ouni awer d'Arméi als Institutioun wëlle schlecht ze maachen.

Dann ass et och interessant, wéi dem Ric seng Frëndin eng ëmmer méi wichteg Roll spillt. Well wärend de Ric an der Kasär ass, iwwerhëlt d'Nadine d'Enquête dobaussen. A weist, datt si och 1969 schonn eng ganz modern Fra war.

Wann d'Concierge vum Gebai an deem de Ric säin Appartement huet, sech iwwert d'Längt vum Nadine hirer Minijupe opreegt, ass dat ee pure Klischee. Wann d'Nadine awer engem opdrängleche Mann kloer mécht, datt hie seng Hand vun hirem Hënner soll huelen, soss misst hie kucken op seng Familljebijouen héich genuch assuréiert sinn (de Mann ass Agent bei enger Assurance), dann ass dat scho vill méi witzeg. A getoppt gëtt dat nach duerch déi nächst Remark vum Nadine, an där si sech driwwer opreegt, datt een 1969 nach mat esou Machoen ze dinn huet, a si dach scho léiwer am 21. Joerhonnert wier.

De Zidrou versteet et, mat esou klenge Sätz een aktuelle Bezuch a seng Geschicht ze bréngen, mat enger méi oder manner verstoppter Kritik un enger Situatioun, déi sech net wierklech grouss verännert huet.

Och an der Relatioun tëscht dem Ric an dem Nadine geet de Zidrou vill méi wäit ewéi dat am Original méiglech gewiescht wier. Déi zwee hale sech net méi nëmme mat der Hand, beim Kuschele geschitt och schonn mol méi. Mat zweedeitegen Texter bei deene kloer ass wou dat higeet, an Zeenen, déi nach ëmmer propper a jugendfräi bleiwen, mä der erotescher Fantasie vun de Lieser vill Fräiraum loossen.

D'Sprooch selwer ass och méi graff ginn, Wierder ewéi "Enculé" oder "Putain" hätt een am "Journal de Tintin", wou de Ric Hochet seng éischt Aventuren erlieft huet, ni gelies. Mä dat alles passt an d'Linn vun der neier Serie ronderëm dee legendäre Personnage. Se riicht sech net méi onbedéngt u Lieser vu 7 bis 77 Joer, mä éischter un d'Lieser vu fréier, déi de Personnage a gudder Erënnerung hunn, anengems awer net wëllen an der Nostalgie hänke bleiwen.

Dofir passen och dem Simon van Liemt seng Zeechnungen esou gutt bei déi nei Versioun. Et erkennt een d'Personnagen an de Stil vu fréier direkt erëm, och wann hien se moderniséiert huet, a virun allem iwwert d'Mise en Scène eng modern Dynamik an d'Geschicht bréngt.

Net ëmmer ass eng Reprise wierklech gutt, mä an dësem Fall hunn déi zwee Auteuren deen néidege Respekt virum Original fir deem trei ze bleiwen, anengems awer och genuch Fräiraum a Courage an der Panz, fir ëmmer nees un d'Limite vun deem wat méiglech ass ze goen. An dat deet der Serie um Enn richteg gutt.