Wärend a Frankräich schonn zanter Woche géint d'Pensiounspläng vum President Emmanuel Macron gestreikt gëtt, an d'Gillets Jaunes och nees de Weekend zu Paräis protestéiert hunn, ass eng Bande Dessinée erauskomm, déi op eng Affär ageet, an déi de President och verwéckelt ass.

21/01/2020 BD (Benalla & moi)

Et ass déi sougenannten Affär Benalla, ronderëm den Adjoint vum Chef de Cabinet vum President, deen och d'Sécherheet vum Emmanuel Macron koordinéiert huet. Hei gëtt d'Geschicht vun engem jonke Mann erzielt, dee scho fréi grouss Ambitiounen hat. Aus deenen Dreem gëtt awer näischt, well den Alexandre Benalla wéinst engem Tëschefall wärend enger Demonstratioun viru Geriicht stoung, bei där hien, als Polizist verkleet, een Demonstrant ugegraff huet.

Den Emmanuel Macron a säin Ëmfeld sinn duerch deen enke Lien tëscht dem Benalla an deM Macron do mat erageroden. An der Bande Dessinée gëtt et och ee Saz an deem ee Personnage seet, datt de Macron, ouni de Benalla net President hätt kënne ginn.

Dat interessant un der Bande Dessinée "Benalla et moi" ass, datt se ee Bléck hannert d'Kulisse vum Elysée erlaabt, an dobäi opdeckt, datt och den aktuelle President, dee jo eigentlech méi ee moderne Stil wollt hunn, an enger Krisesituatioun awer nees an déi al Roll fält.

D'Ariane Chemin an de François Krug hunn dës Affär als Journaliste fir de Monde opgedeckt an erzielen se hei als Bande Dessinée. Ee Format dat si ganz bewosst erausgesicht hunn, well et louche vill Demande vun Editeuren um Dësch, fir déi Geschicht am Detail ze erzielen. Um Enn ass d'Bande Dessinée fir si dat richtegt Format, well iwwert d'Biller och méi vun der Psychologie vum Personnage ka vermëttelt ginn, ewéi iwwert ee rengen Text.

D'Zeechnunge si vum Julien Solé, deen an der Zäitschrëft Fluide Glacial als Julien/CDM ënnerschreift. D'Bande Dessinée huet 96 Säiten an ass bei den Editions Seuil erauskomm.