An der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich eng grouss Fräiheet lieft, gëtt hier Heemecht awer brutal iwwerfall. Et ass eng Bande Dessinée, an där fiktiv Personnagen hir Geschicht virun der Kuliss vun historesche Fakten erliewen.

28/01/2020 BD - China Li T.2 (Internet)

Dat ass d'Markenzeeche vun der Auteurekoppel Maryse a Jean-François Charles ginn, zanter India Dreams zéie si dat Konzept konsequent duerch, all Kéiers op engem héije Qualitativen Niveau. China Li mécht do keng Ausnam.

Et gëtt nach ee staarkt Element an hire Geschichten: D'Léift. An dacks eng Léift, déi an engem komplizéierte Kontext hire Wee sicht. An esou geet et och dem China Li: Zu Paräis verléift si sech an ee franséische Kënschtler, dee si ganz gär hirer Famill a China wéilt virstellen. Mä hir Situatioun gëtt net méi einfach duerch déi Léift, well et do nach eng drëtt Persoun gëtt, déi sech an d'China Li verkuckt huet.

Zesumme mam Fait, datt d'Li eng staark Fra ass, déi sech scho viru ronn 100 Joer zu Paräis konnt behaapten, zeechent dat ee Bild vun enger staarker, a fir deemoleg Verhältnisser, moderner Fra.

China gëtt awer an deem Ament vun der japanescher Arméi ugegraff. Een Episod deen an der Geschicht vun der Bande Dessinée virun allem am der Tintin Aventure "Le Lotus Bleu" eng wichteg Roll gespillt huet, och an der Manéier wéi den Tintin sech weider entwéckelt huet. Datt e puer Zeenen an dësem Album un de Lotus Bleu erënneren, läit engersäits um Ënnerbewosste vun de Lieser déi esou eng Verbindung siche ginn.

Datt an enger Serie ewéi China Li vill Dokumentatioun dra stécht, erkennt een un enge sëllegen Detailer. Fir d'Auteuren fänkt d'Aarbecht un enger neier Geschicht ëmmer domat un, datt si sech fir d'éischt informéieren. D'Andréck aus de Bicher an de Filmer loossen d'Auteuren dann op sech wierken, fir déi richteg Stëmmung fir hir Geschicht ze fannen. An eng wichteg Etapp ass och d'Reesen an déi Länner an deenen d'Geschicht spillt, fir och d'Kultur déi erzielt gëtt, besser ze verstoen.

Graphesch ass  China Li nees eng Réussite. De Jean-François Charles fänkt wonnerschéi Stëmmungen an an iwwersetzt déi a senge Biller. Mä an der chinesescher Kultur huet hien nach een anert graphescht Element fonnt, un deem hie Gefale fënnt, d'Kalligraphie.

Ganz am Ufank war dës Serie op just 3 Albummen ausgeluecht. Mä well d'Personnagen op eemol hiert eegent Liewen entwéckelen, an et nach vill ze erziele gëtt, an enger Geschicht déi iwwert 80 Joer geet, soll China Li elo 4 oder 5 Episode kréien.