D'1970er Joren an engem klenge franséischen Duerf vu ronn 400 Awunner. Dat kléngt, wéi wann ee Kand sech do ferm langweile géif. Ma grad de Contraire war de Fall, wéi den Nicolas Dumontheuil a senger neister Bande Dessinée weist.

04/02/2020 BD VUN DER WOCH (Pas de pitié pour les Indiens)

1976 hat hien 8 Joer, an ass als Fils vum Schoulmeeschter zu Beaumont du Quercy am Département Tarn-et-Garonne opgewuess. Seng bescht Frënn waren de Fils vum Gendaarm, an den Neveu vum Paschtouer. Ouni Tëlee, ouni Videospiller an ouni Smartphone a Social Media erlieft hien eng spannend Kandheet, zu där och déi éischt Léift gehéiert.

Am Duerf gouf et déi Zäit vun allem: Ee Paschtouer dee seng Priedegt gehuerelt huet, a virun deem dee klengen Nicolas Angscht hat, Hippien, déi hir Kanner net an d'Schoul geschéckt hunn, fir se net zu Sklave vum Kapitalismus gemaach hunn, an dem Nicolas seng Elteren, déi ganz cool an antiautoritär waren, an him esou vill Fräiraum gelooss hunn. An da war do nach d'Mademoiselle Rouge, déi deem klengen Nicolas ganz engagéiert vun de Virdeeler vun der russescher Revolutioun erzielt huet, an him erkläert huet, wat Kommunismus ass.

Am Duerf ännert sech un de Gewunnechten op eemol alles, wéi ee Grupp Indianer an d'Duerf kommen. Si kommen aus enger Partnerstad an den USA a stelle sech an hir Kultur fir. Eppes wat d'Awunner vu Beaumont bis dohi virun allem aus dem Kino kannt, an nach ni vun no gesinn hunn.

Et passéiert awer och een Accident, dat déi däi Frënn déif markéiert huet.

Nodeems déi dräi Kanner vu Baueren aus der Géigend Alkohol ze drénke kritt hunn, hu si et witzeg fonnt, d'Kéi aus hirer Wiss eraus ze loossen. Ee vun de Baueren kënnt awer bei engem Accident ëm, well hie mat sengem Gefier an eng Kou gerannt ass. An d'Kanner froe sech, ob si elo Mäerder gi sinn.

"Pas de pitié pour les indiens" ass awer trotz där dramatescher Situatioun eng ganz witzeg Geschicht, déi voller Nostalgie eng Zäit opliewe léisst, déi et esou net méi gëtt. An och wann et seng eege Geschicht ass, stécht awer villes dran, wat jiddwereen deen déi Zäit opgewuess ass, erëm erkennt.

Déi 96 Säiten erlaben engem nach eemol, sech an déi Zäit zeréck ze versetzen, esou wéi wann d'Zäit stoe bliwwe wier.