Dee franséische Ministère vun der Kultur huet 2020 als Joer vun der Bande Dessinée ausgeruff. Domat kritt dee Media offiziell d'Unerkennung als Kultur, anerersäits ënnersträicht déi Aktioun och, wéi gutt d'Bande Dessinée ka profitéiert ginn, fir Friemsproochen ze léieren.

18/02/2020 BD (Astérix - Les citations latines)

D'Buch "Astérix - Les citations latines expliquées" soll eng Hëllef sinn, wann ee Latäin léiert. Déi éischt Editioun dovun ass eréischt virun eppes méi ewéi 3 Joer bei den Editions du Chêne erauskomm. De Bernard-Pierre Molin huet sech an deem Buch ameséiert, fir déi laténgesch Aussoen an all Asterix ze sammelen, se op eng witzeg Manéier ze erklären an an hiren historesche Kontext ze setzen.

Am Abrëll d'lescht Joer ass eng nei Editioun vun deem Buch erauskomm, déi Kéier ënnert engem neie Label, deem vun den Editions E/P/A.

"Astérix - Les citations latines expliquées" proposéiert méi ewéi déi verschidden Internetsäiten déi sech scho mat deem Sujet beschäftegen. All Sproch gëtt a säin historesche Kontext gesat, vu wien e staamt a wéi en ze interpretéieren ass. Virun allem awer ass ëmmer ee Witz mat dran, deen déi zum Deel dréche Matière opfrëscht. Wouduerch se um Enn besser hänke bleift.