Dat éiwegt Spill mat der Konfrontatioun tëscht Gutt a Béis steet och nees am Mëttepunkt vum Spuenier Miguelanxo Prado senger neier Bande Dessinée "Le Triskel volé". Mä net nëmmen. Et geet och ëm ee ganz aktuelle Sujet.

03/03/2020 BD (Le Triskel Volé)

Et ass eng Geschicht an där et ëm de Rapport vum Mënsch mat der Natur geet, awer net op eng Manéier erzielt, déi sech just un déi Lieser riicht, déi scho fir den Thema sensibiliséiert sinn. Dofir bréngt hien hei eng klassesch Aventure mat fantasteschen Elementer zesummen.

D'Geschicht mat engem mysteriéisen Objet, dem Triskel, dee geklaut gëtt, fir domat den Däiwel ze ruffen an een absolutte Pouvoir ze kréien, erënnert u vill aner Geschichten, virop de Faust. Mä se geet e bësschen méi wäit, andeems och Elementer aus Legende mat afléissen, ouni d'Geschicht awer kloer ze situéieren.

Fir de Prado selwer spillt se a Galicien, senger Heemecht. Se hätt och an der Bretagne kënne spillen, et gi vill Parallellen tëscht de Legenden aus Galicien an der Bretagne. Et geet awer nieft der versichter Manipulatioun vum Däiwel fir den eegene Profit och ëm de Generatiounskonflikt an d'Vermëttele vu Wëssen, an den Ëmweltschutz, well d'Geschicht fänkt an engem Bësch un an deem mysteriéis Zeechen op de Beem opdauchen, an hält och do op.

Den "Triskel volé" vum Miguelanxo Prado huet 106 Säiten, a proposéiert eng modern Manéier fir een ale Sujet ze liesen an ze interpretéieren. Virun allem sinn dem Spuenier seng Biller awer an all eenzelem Bild kleng Meeschterwierker, déi alleguer hir eege Geschicht erzielen.