No der Serie "Magasin Général", déi de Jean-Louis Tripp zesumme mam Régis Loisel realiséiert huet, iwwerrascht hie mat enger Autobiographie. "Extases" ass d'Geschicht, wéi den Auteur d'Sexualitéit entdeckt huet, a seng eege Sexualitéit fonnt huet.

10/03/2020 BD (Extases T.2 - Les montagnes russes)

An och wann et ee ganz eendeitegen Thema ass, an de Jean-Louis Tripp näischt verstoppt mä riicht eraus weist vu wat hie schwätzt, ass "Extases" wäit ewech vun der Traditioun vun der erotescher respektiv pornographescher Bande Dessinée. Dofir beschreift hien d'Buch am Virwuert och kloer als politescht Buch, mat engem politesche Sujet: Leider ginn et ëmmer nees Leit, déi engem do dra schwätze wëllen. Déi engem virschreiwen, wéi een ze liewen huet. Fir sech dogéint ze wieren ass "Extases" entstan. Fir nees ze weisen, wéi natierlech d'Sexualit éit an deene verschiddenste Formen ass, an datt et do näischt ze verdäiwele gëtt.

Net nëmmen a senger Bande Dessinée erzielt hien elo schonn iwwert méi ewéi 500 Säite ganz perséinlech Detailer aus sengem Liewen. Fir dat fäerdeg ze bréngen, huet hien, trotz aller Oppenheet a senger Sexualitéit, och d'éischt missten iwwert säi Schied sprangen, fir dat och mat der Ëffentlechkeet kënnen ze deelen. An esou war "Extases" fir de Jean-Louis Tripp och eng Zort "Coming Out".

"Extases" ass ee Buch, dat grad doduerch well et eng Autobiographie ass, nach méi ee groussen Impakt huet. Et geet och net drëm, iergend ee vun iergend eppes ze iwwerzeegen, wat den direkte Kontraire vum Jean-Louis Tripp senger Astellung zur Sexualitéit wier. Hie weist wat hien erlieft huet, a konfrontéiert seng Lieser domat. Domat kann ee sech identifizéieren, oder och distanzéieren.

U sech ass dës Bande Dessinée een Hommage un d'Liewen an un d'Liewensfreed. Dofir soll een, wann nëmme méiglech, alles maachen, fir sech am Liewen esou vill ewéi méiglech ze ameséieren. Do gehéiert net nëmmen d'Sexualitéit dozou, mä och d'Beruffsliewen. Dat et am Liewen awer och  méi däischter Momenter ginn verheemlecht den Auteur awer och net. Hie weist och, datt hien a verschiddene Periode vu sengem Liewe mat méi däischtere Gedanken ze kämpfen hat. Op eng gewëss Manéier war "Extases" och eng Zort Therapie fir de Jean-Louis Tripp.

Datt "Extases" komplett am Schwaarz-wäiss realiséiert ass, huet awer näischt domat ze sinn, datt et méi däischter a méi schéi Momenter am Liewe vum Auteur goufen. Dat huet éischter domat ze dinn, datt et vill Zäit ewech geholl hätt, fir déi méi ewéi 500 Säiten och faarweg ze realiséieren. An doduerch datt vill Haut gewise gëtt, wieren d'Faarwen villäicht ze monoton ginn.

"Extases" ass keng typesch Bande Dessinée, déi streng no de klassesche Code funktionéiert. Och do huet de Jean-Louis Tripp vu senger Fräiheet profitéiert fir dee Kader heiansdo ze sprengen. Déi spiert ee virun allem um Enn vun dësem zweeten Album, wéi den Auteur mat senger deemoleger Partnerin fir déi éischte Kéier a sengem Liewen an ee Swingerclub geet. Um Ufank sinn si onsécher, ginn duerch de Club gefouert a kréien  alles gewisen an erkläert, an do bleift d'BD nach an hirem Kader mat eenzele Casen pro Bild. Mä wéi de Club sech bis gefëllt huet a Liewen an den Owend kënnt, ännert den Auteur och d'Manéier wéi hien dat duerstellt.

Mat deenen zwee Episoden déi bis elo erauskomm sinn, soll et dann och net gedoe sinn. De Jean-Louis Tripp géif ganz gär nach ee weideren Album realiséieren. Well deen zweeten Episod jo mat Enn 30 ophält bleiwen nach eng Partie Joren aus dem Jean-Louis Tripp sengem Liewen, iwwert déi mir bis elo nach näischt wëssen!

Déi éischt Säiten aus dëser BD (Oppassen:  Et sinn e puer explizitt Biller dobäi)