Enn Februar ass déi neist Bande Dessinée vum Didier Tronchet erauskomm. Eng Bande Dessinée voller Musek, well et geet do ëm ee Museker, deen an de 70er Joeren eng gewëss Popularitéit hat.

17/03/2020 BD (Le chanteur perdu)

De Rémy Bé, esou nennt den Tronchet dëse Museker a sengem Album, huet hien deemools begeeschtert, mat Lidder déi autobiographesch Texter haten, an déi dem Brassens gutt gefall hunn. Grad ewéi de Brassens huet och de Rémy Bé net gefaart, fir méi direkt a sengen Texter ze sinn, ëmmer mat enger gudder Portioun Humor, mat där hie sech och gär selwer op d'Schëpp geholl huet.

Dee Genre war an de 70er awer schonn net méi esou beléift, an dofir ass et beim Rémy Bé bei nëmmen engem Album bliwwen, deen deemools awer mam Präiss vun der Sacem ausgezeechent ginn ass. De Museker ass awer verschwonnen, an den Didier Tronchet huet 30 Joer laang drop gewaart, nees eppes Neits vun him ze héieren. Bis hie sech enges Daags gesot huet, datt de Sänger villäicht frou wier, wann hie wéisst, datt et wéinstens nach ee Fan géif ginn, dee seng Musek nach ëmmer gär lauschtert. Dofir huet hie sech op d'Sich gemaach.

Dobäi hat hien net vill fir d'Spuer vum Museker erëm ze fannen: D'Texter vu senge Lidder, de Cover vum Album op deem hannert dem Museker de Viaduc vu Morlaix ze gesinn ass. An dofir huet hien zu Morlaix ugefaang. An der Bande Dessinée erzielt den Didier Tronchet, wéi hie probéiert huet eraus ze fannen, wat aus dem Rémy Bé ginn. Eng Sich mat vill Zoufäll, Iwwerraschungen an Emotiounen, bis hien en op der Insel Madagaskar erëm fënnt.

Domat ass de Krees nees zou gaangen, den Tronchet huet säin Idol erëmfonnt, a konnt, villäicht als eenzegen, seng nei Lidder lauschteren.

Um Enn vun der Bande Dessinée proposéiert den Didier Tronchet dann och nach ee klenge Making Of, an deem hie Fotoe vun der Retrouvaille mam Rémy Bé weist, an och dee richtegen Numm vum Kënschtler verréit.