De Moie kuerz no 10 ass d'Nouvelle komm, datt de franséische BDs Zeechner Albert Uderzo gestuerwen ass. Hien hat 92 Joer. Ee Portrait vum Gérard Floener.

24-03-2020 BD VUN DER WOCH (Doud vum Albert Uderzo)

Gebuer ass hien de 25 Abrëll 1927 a Frankräich, als Fils vun italieneschen Awanderer. Schonn als klengt Kand huet hien d'Micky Maus gelies, an huet säi Liewe laang de Walt Disney a säi Wierk bewonnert, wat hien a sengem leschten Astérix Album "Le Ciel lui tombe sur la tête" däitlech zum Ausdrock bruecht huet. Mat 14 ass seng éischt Zeechnung an enger Zäitschrëft erauskomm. Dono huet hie weider vill gezeechent, ëmmer nees beaflosst vun amerikanesche Comiczeechner, an dem Humor aus dem amerikanesche Slapstick Kino.

Wéi Enn vun de 50er déi nei Zäitschrëft Pilote lancéiert ginn ass, war hie vun Ufank un dobäi. Am éischten Heft, dat am Oktober 1959 erauskomm ass, war den Astérix, een neie Personnage, den Titelheld. Deen Datum ass och symbolesch fir den Astérix, well den Oktober meeschtens dee Mount war, an deem een neien Album erauskomm ass.

Well déi nei Zäitschrëft sech géint d'Konkurrenz vun de belsche BDs Zäitschrëften "Journal de Tintin" a "Spirou" opgestallt huet, huet et den Ufank un Zeechner gefeelt. Den Uderzo huet dofir parallel fir Pilote den Astérix an Tanguy et Laverdure gezeechent, a fir den Tintin d'Aventure vum Oumpapah. Wéi dem Astérix säi Succès dunn awer séier explodéiert ass, huet hie sech fir de Rescht vu senger Carrière ganz op d'Serie mat de Gallier konzentréiert. De Succès läit bestëmmt och dorun, datt den Astérix keen esou een typeschen Held war. Am Contraire zu deenen aneren Helden war hie kleng an hat eng déck Nues. Den Obélix ass dann d'Parodie op dee perfekten Held: Grouss a staark, am Obélix sengem Fall och liicht enveloppéiert. A virun allem immens mënschlech, wouduerch dat och ëmmer dem Albert Uderzo säi léifste Personnage war.

24 Astérix Albummen huet hien zesumme mam René Goscinny realiséiert, bis deen am November 1977 ganz iwwerraschend gestuerwen ass. Déi ganz Press huet deemools den Astérix mat begruewen, wat den Uderzo schwéier getraff huet. An doduerch gepickt huet hien dunn decidéiert, eleng weider ze maachen. 8 Albumen huet hien duerno nach eleng realiséiert, dacks kritiséiert, datt se net méi esou gutt wieren ewéi déi, déi de René Goscinny geschriwwen huet.

Eng Kritik déi dem Uderzo wéi gedoen huet. Hie wollt laang Zäit och, datt den Astérix als Bande Dessinées Personnage mat him géif stierwen. Just Filmer wieren dann nach erlaabt. No verschiddene Streidereie mat senger Duechter a sengem Eedem huet hie seng Rechter um Astérix virun eppes méi ewéi 10 Joer verkaf, an domat och erlaabt, datt den Astérix hien och iwwerliewen dierf. Zanterhier si scho 4 Albume vun deenen neien Auteuren Jean-Yves Ferri an Didier Conrad erauskomm. Mä eppes huet hien duerch seng ganz Carrière begleet: D'Fro, ob den Astérix mat engem neien Album nach ëmmer gutt géif bei senge Lieser ukommen. Déi Millioune verkaaften Exemplairen, mat deenen hie sech och de Kandheetsdram vun engem Ferrari erfëlle konnt, beweisen, datt d'Aventure vum klenge Gallier ee Succès sonnergläiche war.