Et gëtt schonn eng laang Traditioun vu Bande Dessinéeën, déi an der Antiker Welt spillen. Den Astérix ass do ee Beispill, historesch méi präzis ass ënnert anerem d'Serie "Alix". An déi ass och ee Virbild fir d'Isabelle Dethan, déi mat "Le Roi de Paille" eng BD realiséiert huet, déi 563 viru Jesus Christus spillt.

31-03-2020 BD (Le Roi de Paille T.1)

D'Zäit déi d'Auteurin erausgesicht huet fir hier Geschicht ze erzielen ass net zoufälleg gewielt. Déi Zäit gouf et nieft dem antiken Ägypten eng aner Muecht, déi eng wichteg Roll an der Entwécklung vun eiser Gesellschaft gespillt huet: Babylon.

Dofir huet si d'Bande Dessinée ronderëm de "Roi de Paille" realiséiert. Et geet ëm de Fils vum ägyptesche Pharao an deem seng Hallefschwëster. Si lafe vun doheem fort, well si an der Trounfolleg keng Roll ze spillen hunn. Mä si gi vu Sklavenhändler agefaangen, déi si op Babylon bréngen, wou si dem Kinnek als Sklave verkaf ginn. An deem sengem Ëmfeld gëtt awer erkannt, wien déi zwee Jugendlecher sinn, a well d'Astronomen dem Kinnek e puer däischter Woche viraussoen, soll dem Pharao säi Fils a sengem Numm geaffert ginn.

Seng Schwëster wëll dat awer net akzeptéieren, a mat der Hëllef vun aneren ägyptesche Sklaven probéiert si hire Brudder ze befreien. Wat awer mat enge sëllege Komplikatioune verbonnen ass, wouduerch d'Geschicht och an zwee Episoden erzielt gëtt.
 
Nieft der eigentlecher Geschicht gëtt een hei quasi niewelaanscht vill iwwert den Alldag vun deenen antiken Zivilisatioune gewuer. Och iwwert politesch Spillereien. Dat war schonn ëmmer den Haaptobjektiv vun der Isabelle Dethan, déi och an hiren anere Serien déi historesch Realitéit probéiert esou realistesch ewéi méiglech duerzestellen. Natierlech gehéiert do vill Dokumentatioun dozou, fir deem Zil gerecht ze ginn. Do gëtt et och ee BDs Auteur dee fir si eng Referenz ass: Alix vum Jacques Martin, oder d'Aarbecht vum Archeolog Jean-Claude Golvin.

Hir Geschichte liese sech ganz gutt, well déi eigentlech Aventure am Mëttelpunkt steet, mä déi awer am Hannergrond och wichteg Informatiounen matginn. Si wëll vun der Geleeënheet profitéieren, fir Saache richteg ze stellen.

Nieft engem zolitten Zeenario iwwerzeegt d'Isabelle Dethan och am Roi de Paille nees mat hire Biller. Mat enger Mise en Page, déi heiansdo un d'Monumentalfilmer erënnert, bréngt si déi imposant Architektur aus der deemoleger Zäit flott eriwwer, mat Faarwen, déi deem ganzen ee modernen Touch ginn, ouni awer mat deem historesche Kontext ze fluchen. An hir Zeechnunge sinn, am Géigesaz zu hire Referenzen am Beräich vun den historesche Bande Dessinéeën, ganz dynamesch.

Um Enn vum Album gëtt et am hënneschten Deckel och nach ee klenge Lexikon, deen déi wichtegst historesch Personnagen a Plazen an hire Kontext setzt. Firwat deen éischten Album "La Fille de Pharaon" heescht gëtt eréischt um Enn vun dësem Episod richteg kloer.