"Fantômas" oder "Rocambole", dat si Figuren aus Feuilletonen aus dem 19. Joerhonnert. Bei deenen huet sech och d'Bande Dessinée vun dëser Woch inspiréiert. Eng Aventure vum Mystère a vum Boule de Gomme. Schonn um Titel erkennt een, datt do och vill Witz mat dra stécht.

21-04-2020 BD vun der Woch - Une aventure de Mystere et Boule de Gomme

D'Grondiddi geet zeréck bis an d'Kandheet v um Zeenarist Arnaud Le Gouëfflec, deem als Kand den Ausdrock "Mystère et Boule de Gomme" keng Rou gelooss huet. Doraus ass dunn de Baron Mystère a säi Butler Boule de Gomme entstan, an deenen hir Aventure erzielt hien an dëser Bande Dessinée.

De Baron Mystère ass ee rouegen Aristokrat, deen ëmmer eng Mask un huet an dee vun engem méi klengen, décken Majordome ënnerstëtzt gëtt, deen him awer keng Froe stellen dierf. Dobäi ginn et där vill, well de Baron sammelt Geheimnisser. Mä déi wëll hie mat kengem deelen! Hie kënnt deene Geheimnisser net eleng op d'Spuer. Seng Quell ass d'Miss Cornette, déi lénks a riets dee leschte Beschass asammelt. Si zitt d'Geklaaps richteg un, jiddwereen deen hir begéint ka guer net anescht ewéi hir déi intiimst Detailer ze verroden. Fir dat ze verschaffen, erzielt si dat, wat si héiert dem Baron. An dee fëllt esou lues a lues seng Sammlung. All Geheimnis gëtt schéi propper an een Heft geschriwwen, dat dann an engem Tuerm vu sengem Schlass agespaart gëtt. An hien ass deen eenzegen, deen de Schlëssel huet.

D'Aventure fänkt richteg un, wéi ee Bandit eent vun de Geheimnisser klaut. Zesumme mat sengem Majordome mécht hie sech op d'Sich, an do fänkt et dann net nëmmen u richteg spannend, mä och witzeg ze ginn. An enger Sprooch, déi de literaresche Virlage vun dëser Bande Dessinée gerecht gëtt, proposéieren den Arnaud le Gouëfflec an den Zeechner Pierre Malma eng Geschicht, déi sech nieft all Witz (och an der graphescher Approche) an der Aventure och mat der philosophescher Fro beschäftegt, wat ee Geheimnis iwwerhaapt ass, a wat dat iwwert déi Leit ausseet, déi hannert esou engem Geheimnis stinn, an déi, déi se onbedéngt opdecke wëllen.