U sech leeft et den Ament mat neie Bande Dessinéeë méi lues, well déi ganz Distributiounsketten vum Auteur iwwert den Editeur, d'Distributioun bis an d'Butteker duerch de Confinement net funktionnéiert. Wann een dat awer alles selwer iwwerhëlt, da kann een och wärend dem Confinement een neit Buch erausbréngen. Esou och dat neit Buch vum Lëtzebuerger ND Genen: deen drëtte Band vu senger Serie Tow & Tank.

05-05-2020 BD (Tow and Tank 3 - Internet)

Deen heescht "D'Jünger vum Gil' Den Sul", an dat sinn nei Figuren deenen den Tow an d'Helga begéinen. Mä éier et esouwäit ass, fänkt deen drëtten Album do un, wou deen zweeten opgehalen huet.  Mat deem drëtten Album fueren dee stomme Chauffeur vun engem Ofschleefpanzer an een hyperaktiven Zombie vun engem Punkt op deen nächsten, den Universum an deem d'Geschicht spillt gëtt och weider ausgebaut, a virun allem kommen nei Figuren dobäi, esou datt d'Helga (den Zombie) elo keng Monologer, mä endlech och Dialoger féiere kann.

Déi nei Figure sinn d'Membere vun enger Zort reliéisem Kult, déi schonn um Enn vum zweete Band ugedeit gi sinn. Hiren éischten Optrëtt an dësem Album wërft nei Froen op.

Et gëtt och eng aner Zeen am Buch, an där den Tow an d'Helga mat hirem Panzer duerch den Dall vun de 498 Brécke fueren. Déi Zeen huet eppes vun engem Videospill, bei deem een ëmmer nees probéiere muss dee richtege Wee ze fannen, ouni an eng Fal ze geroden an um Enn un d'Zil ze kommen.

Duerch all déi Aflëss ass Tow & Tank och eppes ganz Eegenes, wat et esou nach net gëtt. Doriwwer eraus spillt den ND Genen och ëmmer nees mat den Erwaardunge vun de Lieser un dee Genre Bande Dessinée.

Elo kënnt deen drëtte Band vun Tow & Tank wärend dem Confinement wéinst der Corona Pandemie eraus, och wa lues a lues nees méi op geet. Duerch d'Pandemie kënnt elo och nach de Problem dobäi, datt d'Buch net iwwert dee gewinnte Wee bei seng Lieser kënnt, well all d'Manifestatiounen wéi d'Luxcon, de Free Comicbook Day an de Festival vu Konter ofgesot sinn. Mä online, iwwert E-Mail oder Facebook kann een d'Buch awer bestellen, an d'Dédicace déi ee soss op engem Festival kritt, kritt een och vum ND Genen dra gezeechent, wou och speziell Wënsch kënne respektéiert ginn.

Fir d'Buch ze bestellen kënnt Dir den Auteur iwwert dës E-Mail kontaktéieren: towandtank@gmail.com.