Ufank Mäerz, just éier zu Lëtzebuerg an och an den Nopeschlänner alles an de Confinement gaangen ass, ass d'Bande Dessinée "De l'autre côté de la frontière" erauskomm. Ee pechschwaarze Krimi, dee sech um Liewe vum belschen Auteur Georges Simenon inspiréiert.

12-05-2020 BD VUN DER WOCH (De l'autre côte de la frontière)

Allerdéngs soll een dat, wat de Jean-Luc Fromental fir dës Bande Dessinée geschriwwen huet, net alles fir boer Mënz huelen. Net alles wat an der Bande Dessinée erzielt gëtt, ass dem Simenon wierklech geschitt.

D'Geschicht spillt an de 50er Joren, am amerikaneschen Arizona, direkt un der mexikanescher Grenz. D'Haaptroll spillt dee franséischen Auteur François Combe, deen do Dokumentatioun wëll sammelen fir säin nächste Roman. Déi Zäit huet och de Georges Simenon am Arizona gelieft, wou hien d'Nokrichszäit an d'Restriktiounen dovun an Europa wollt hannert sech loossen, a probéiert huet, eng amerikanesch Karriär ze starten.

De François Combe, dem Simenon säin Double an dëser Bande Dessinée, dokumentéiert sech an de mexikanesche Bordellen, op där anerer Säit vun der Grenz, a léist déi Prostituéiert do an deenen eroteschste Positioune poséieren. Wat de Simenon och gemaach huet.

Mä an der Geschicht ginn déi Prostituéiert nodeems si fotographéiert gi sinn ëmbruecht, wat dem Simenon net geschitt ass. De François Combe wëll erausfannen, wien do hannendru stécht, a kritt dobäi vum Esterlista gehollef, sengem mexikaneschen Déngschtmeedchen.

Dem François Combes säi beschte Frënd ass op eemol den Haaptverdächtegen, mä hie probéiert alles wat nëmme Méiglech ass, fir seng Onschold ze beweisen. A geréit domat ëmmer méi eran an eng Welt, an där Aarmut an d'Perversioun vun deene Räichen, déi vun där Aarmut profitéieren, eng ganz elle Wourecht sinn.

D'Bande Dessinée ass entstanen, wéi den Donald Trump seng Mauer laanscht déi mexikanesch Grenz wollt opriichten, wärend den Zeenarist "Accross The Border Line" vum Ry Cooder gelauschtert huet. Mam Philippe Berthet huet hie genee dee richtegen Zeechner u senger Säit, well dee fillt sech graphesch an den 1950er Jore richteg wuel, a kann hei déi schéin amerikanesch Autoe vun deemools, a schéi Fraen zeechnen, mat enger pechschwaarzer Atmosphäre. Alles Elementer, déi hie richteg gutt am Grëff huet.