Wann Dir am Confinement dovu profitéiert hutt, fir doheem ze botzen an ze raumen, hutt Dir bestëmmt vill Offall zesumme gedroen, deen Dir duerno hutt missen ewech kréien. A villäicht hutt Dir Iech och d'Fro gestallt, ob een deen Offall net hätt kënnen evitéieren?

D'Bénédicte Moret huet dat mat hirer Famill ausprobéiert, fir ee Joer laang keen Offall ze produzéieren. D'Resultat vun deem Experiment proposéiert si an enger Bande Dessinée.

19/05/2020 BD (Ze Journal de la famille (presque) zéro déchet)

An d'Experiment ass esou gutt verlaf, datt et net bei deem Joer bliwwen ass, mä datt si weider als Famille Zéro déchet probéieren ze liewen. Déi ganz Ëmstellung ass an der Bande Dessinée "Ze Journal de la Famille (presque) zéro déchet" dokumentéiert, mat vill Witz, de Wee dee si gaange sinn.

Dobäi ginn d'Problemer gewisen, deenen een am Alldag begéint, an natierlech Klischeeën, mat deenen een ëmmer eng Ausried fënnt, fir sech net un esou ee Projet erun ze trauen. Dozou gehéiert, datt et méi deier wier, fir keen Offall méi ze produzéieren, respektiv, datt dat vill méi Zäit géif kaschten.

D'Bénédicte Moret ass éierlech an hirer Bande Dessinée, si weist d'Iwwerzeegung mat där si an hir Famill un déi Saach erugaange war, ouni dobäi eventuell Problemer op déi si gestouss sinn ze verheemlechen, och wa si um Enn ëmmer eng Léisung fonnt hunn. Op jiddwer Fall soll ee sech net hannert der Excuse verstoppen, datt ee selwer just ee klengt Riedchen an där ganzer Maschinn ass, an et un der Industrie respektiv um Legislativen ass, eppes ze änneren.

Keen Offall méi produzéieren, datt ass awer ee Choix vu jiddwer eenzelem. A grad ewéi bei der Famill Moret geet do, virun allem um Ufank, och mol nach eppes schif, well ee seng Gewunnechten net vun haut op muer geännert kritt.

De "Journal de la Famille (presque) zéro déchet" ass keng Bibel, déi ee wuertwiertlech muss huelen wann ee sech bis decidéiert huet no deem selwechte Virbild ze liewen. Et ass ee Buch dat Denkustéiss wëll ginn, an dobäi ënnerhält. A wien et herno op d'Säit leet an nach net prett ass fir dee Schrëtt ze maachen, villäicht geet d'Liese vun dëser Bande Dessinée duer, fir e bësschen eppes a senge Gewunnechten ze änneren.