Déi lescht Wochen si vill Videoe gestreamt ginn, a bestëmmt hutt Dir och déi eng oder aner Serie dobäi entdeckt. Villäicht war do op Netflix déi spuenesch Serie "El Vecino" dobäi. Eng Serie där hier Basis eng Bande Dessinée ass, déi scho viru 15 Joer erauskomm ass.

26-05-2020 BD (Le voisin)

Op franséisch heescht d'Serie "Le voisin" an de Sammelband an deem déi dräi Deeler vun der Geschicht dra sinn, ass eréischt Ufank vun dësem Joer erauskomm, fir vun der Serie op Netflix ze profitéieren.

Den Noper ëm deen et hei geet ass de Javier, den Noper vum José Ramón. De José ass fläisseg am Gaang ze léieren fir de Concours als Affekot ze packen. Mä do platzt de Javier a säi Liewen eran. Op den éischte Bléck ass dat ee ganz normale Mënsch. Mä a Wierklechkeet ass hien de Superheld Titan, wat awer kee weess.

Wat esou interessant un dëser Bande Dessinée ass, a firwat hien och fir Netflix d'Serie wollt maachen, beschreift de Realisateur Nacho Vigalondo am Virwuert vum Sammelband. Wärend Superheldecomics normalerweis d'Action an de Mëttelpunkt stellen, a weisen, wéi den Held sech fir Gerechtegkeet asetzt a säin Äerzfeind bekämpft, mat klengen Touchen aus sengem Privatliewen, senger sougenannter geheimer Identitéit, ass et hei grad de Contraire. Dem Titan seng Ausernanersetzung mat senge Feinden gëtt net gewisen, de Gros vun der Zäit huet hien och säi Kostüm guer net un. Dofir geet et hei vill méi ëm säi Privatliewen, wéi hie probéiert mat ganz alldeegleche Situatiounen iwwert d'Ronnen ze kommen. A wéi hien, als Superheld dacks komplett an deene Situatioune verseet.

Wéi den Nacho Vigalondo proposéiert kritt huet, fir d'Serie fir Netflix ze realiséieren, huet hien net laang gezéckt. Hie war schonn ëmmer ee Fan vu Superheldecomics, an ass dat bis haut bliwwen. Dofir war dat eng Geleeënheet, déi him op engem sëlwer Plateau presentéiert ginn ass. Virun allem, well hie sech schonn ëmmer méi fir dat interesséiert huet, wat net gewise ginn ass. A sech esou a sengem Kapp seng eege Geschichte mat Spiderman a Co. erzielt huet.

"Le voisin" ass eng Bande Dessinée, an där vill Komedie stécht, wat och fir d'Adaptatioun als Serie bäigehale ginn ass. Et stécht awer och grad esou vill Drama dran, sief et am Javier sengem Versoen als Privatpersoun, sief et am José R amón sengen Ängschten, net gutt genuch op de Concours preparéiert ze sinn. Dernieft ginn och méi gesellschaftskritesch Elementer ugeschnidden.

Et ass awer och eng Bande Dessinée, déi sech iwwert hier dräi Episoden ëmmer gesicht huet, an ni richteg fonnt huet, fir eng Serie kënnen ze ginn, déi méi laang a villäicht och éischter hätt kënnen een internationale Succès sinn. Dat fält am Beschten an deem drëtten Episod op, deen ee ganz anert Format ewéi déi zwee éischt huet. Net nëmmen ass den Toun e bësschen anescht, en ass och komplett am Schwaarz-wäiss an huet virun allem ee ganz anere Rhythmus doduerch, datt hei all Säit a Comicstrips vun all Kéiers 4 Casen ënnerdeelt ginn ass.

"Le voisin" ass eng interessant Bande Dessinée, well sech eng originell Approche vun engem Genre weist, dee soss esou voll Testosteron stécht, datt et heiansdo net auszehalen ass. Ze gesinn wéi ee Superheld och struewelt fir iwwert d'Ronnen ze kommen, an als Privatpersoun esou schlecht drun ass, datt hien d'Hëllef vu sengem Noper brauch, ass erfrëschend anescht.