Eng Geschicht mat Roboter, déi, mat Atomkraaft ugedriwwen, gehollef hunn, Frankräich nom zweete Weltkrich nees opzeriichten. Mä och mat engem mysteriéise Wiesen, dat aus dem Näischt an Algerien opdaucht. An enger ganzer Panoplie Personnagen, déi probéieren d'Welt ze retten. Dorëms geet et an der Bande Dessinée "Le dernier Atlas".

02/06/2020 BD (Le dernier Atlas T.2)

Et ass eng Uchronie, eng Geschicht, an där d'Auteure sech virstellen, wéi eis Welt kéint ausgesinn, wa sech op engem gewësse Moment eppes anescht ofgespillt hätt ewéi et an de Geschichtsbicher steet. Dem Philip K. Dick seng Geschicht, an där Nazidäitschland den zweete Weltkrich gewonnen hätt, gëllt allgemeng als déi bekanntst Uchronie.

Hei geet et am Hannergrond ëm d'Onofhängegkeet vun Algerien, déi am "Dernier Atlas" eréischt 1976 wouer ginn ass. Do hunn déi riseg Roboter, no deenen d'Geschicht och benannt ginn ass, eng Roll gespillt. Nieft deem historeschen Evenement, dat hei verdréint gëtt, spillen awer och vill verschidde Personnagen eng wichteg Roll. Wouduerch d'Geschicht net nëmmen ee Science Fiction Touch huet, mä och ee Krimi, mat engem Haaptpersonnage deen an enger Mafiastruktur gefaangen ass, an elo vun der Geleeënheet profitéiert, fir d'Welt ze retten.

Well an der Wüst an Algerien daucht op eemol ee mysteriéist Wiesen op, een Umo, vun deem kee weess, wou et hir kënnt a wat et wëll. Mä jiddweree geet dovun aus, datt et eng Gefor fir d'Mënschen ass.Hien decidéiert, datt hie mat deem Roboter Algerien, an déi ganz Welt, virum Umo rette kann.

Donieft gëtt et nach eng Journalistin, déi mat 53 Joer nach ee klengt Meedchen op d'Welt bréngt, dat op senger Stier ee Symbol huet, dat mam Umo a Verbindung bruecht gëtt. An déi verschiddenst Leit, déi och een Interessi drun hunn, datt dee leschten Atlas seng Missioun erfëllt, oder och net.

Déi déck 200 Säite vun all Episod sech an engem Rëtsch, ouni datt een dobäi de Fuedem verléiert. Och d'Personnage spillen dobäi eng wichteg Roll. Déi ass bis an dee leschten Detail iwwerluecht. An et gëtt vill Personnagen an dëser Geschicht, déi all eng eege Perséinlechkeet hunn, an all eng aner Vergaangenheet. Déi muss den Hervé Tanquerelle erfannen, an do blitt hien da richteg op. Dat geet esouwäit am Detail, datt et zum Beispill an enger Zeen op engem Flughafen eng sëllege Personnage gëtt, déi guer näischt mat der Geschicht ze dinn hunn. Mä an deenen een awer Leit erëm erkennt, déi ee selwer schonn mol op engem Flughafe gesinn huet. Zum Beispill d'Famill mam klenge Kand, dat sech op de Buedem sëtzt an eng opféiert, och wa grad guer net den Ament ass. An nach eppes fält am Hervé Tanquerelle sengen Zeechnungen op: Seng Figuren hunn all Nuesen, déi wäit ewech vum allgemenge Schéinheetscrédo sinn.

Dës Bande Dessinée gëtt vu 5 Kënschtler zesumme realiséiert. A well si esou enk zesumme schaffen, kënnt um Enn och esou eng koherent Geschicht dobäi eraus, bei där ee sech bei all Komplexitéit awer net dra verléiert.

Den "Dernier Atlas" ass eng Geschicht déi sech nëmme schwéier resuméiere léisst, well esou vill dra stécht. Dat ass och de Grond, datt all Album 200 Säiten déck ass, an déi ganz Geschicht iwwert dräi Albumme soll goen.