Och wann d'Jeanne d'Arc dacks als "Pucelle" beschriwwe ginn ass, geet et an der Bande Dessinée mam selwechten Numm net ëm déi jonk Fra där hiert Liewen een tragescht Enn kannt huet. Et ass eng Autobiographie vun der Auteurin, der Florence Dupré La Tour.

09/06/2020 BD (Pucelle)

An déi erzielt virun allem hir Kandheet, an dee Wee zur Erwuessener Fra, an enger Welt, an där alles wat mat Sexualitéit ze dinn hat, tabu war. Doriwwer ass an hirer Famill net geschwat ginn. An dofir krut dat jonkt Florence, wéi et mat 7 Joer seng Mamm gefrot huet, wou d'Bëbeeën hierkommen, eng gelungen Äntwert, vun engem Somkär deen de Papp an de Bauch vun der Fra leet. Wat u sech jo och net falsch ass, mä d'Florence huet sech dat ganz bildlech virgestallt, als ee Somkär, deen an den Nuebel geluecht gëtt.

Esou wiisst dat jonkt Meedchen op, mat lauter falsche Biller am Kapp, well hatt ni richteg opgekläert ginn ass. Wat esou wäit gaangen ass, datt hatt och eng Publicitéit fir Tamponen, déi deemools op der Tëlee gelaf ass, falsch verstanen huet. An där Situatioune ginn et der nach vill méi, an deenen d'Florence ganz naiv eppes gesäit wat hatt net versteet, a sech dat mat senger Fantasie probéiert ze erklären.

Wat dacks witzeg ass, och wann dee Witz op seng Käschte geet, mä och dramatesch, wéi zum Beispill an där Zeen, an där säin Hamster jéngert, den Hamsterpapp déi Kleng awer frësst, an d'Hamstermamm näischt dogéint ënnerholl huet. Fir d'Florence war dat net nëmmen een Trauma, et huet och hiert d'Weltbild als Meedchen an zukünfteg Fra gepräägt: De Mann decidéiert, frësst seng eege Kanner, d'Mamm ënnerhëlt näischt, well dat wat de Mann seet, ass Gesetz.

Ee Weltbild dat duerch d'Manéier wéi hir Famill gelieft zousätzlech gepräägt ginn ass, well hire Papp ass schaffe gaangen, a war doheem den Chef, op dee jiddweree ge lauschtert huet, d'Mamm huet alles erdroen, ni hir eege Meenung gesot.

"Pucelle" ass eng Bande Dessinée, déi sech ëmmer op ganz dënnem Äis beweegt, tëscht enger dramatescher Realitéit, an där nëmmen net iwwert Sexualitéit dierf geschwat ginn, an dem Humor duerch d'Naivitéit wéi d'Florence Dupré La Tour probéiert huet, eng Äntwert op hir Froen ze kréien.

D'Auteurin huet d'Kéier kritt, a konnt aus där Welt ausbriechen an déi si era gebuer gouf. Mat vill Witz an deem si sech och selwer op d'Schëpp hëlt, erzielt si hier Geschicht. Net nëmmen als eng Zort Therapie, mä och fir anere Meedercher a Fraen ze hëllefen. Et ass wichteg fir oppen iwwert Sexualitéit mat Kanner ze schwätzen an se ouni falsch Schimmt un dee Sujet erunzeféieren, ass dee falsche Wee. Dat beweist des Bande Dessinée op eng gutt Manéier, an ass anengems och ee gutt Beispill fir  mat Kanner zesummen, oder ënner Jugendlechen, driwwer ze laachen, wann ee gesäit, wéi et net soll lafen, an doraus eppes léiert.