Den Charlie Chaplin, d'Marilyn Monroe an d'Brigitte Bardot. Dräi Iconen déi de Kino an de Showbusiness am Allgemengen fir ëmmer markéiert hunn. Hiert Liewen, mat all de Facetten dovun, gëtt elo an dräi Bande Dessinées Albummen erzielt.

16/06/2020 BD (Les étoiles de l'histoire)

Dee vum Charlie Chaplin ass schonn d'lescht Joer am Oktober erauskomm, Enn Mee sinn elo déi zwee Albumen iwwert d'Brigitte Bardot an d'Marilyn Monroe erauskomm.

Hiert Liewen hat Héichten an Déiften, an och déi gi ganz éierlech gewisen. D'Personnagen ëm déi et geet, ginn net op ee Podest gestallt, fir se ze bewonneren. Et geet villméi drëm fir och ze weisen, wéi d'Ëmstänn ënnert deene si opgewuess sinn, si markéiert hunn, an zu deene Frae gemaach huet, als déi si engem an Erënnerung bleiwen. D'Marilyn Monroe hat zum Beispill eng schwéier Kandheet, wärend d'Brigitte Bardot an enger bourgeoiser Famill grouss ginn ass. A wärend d'Marilyn Monroe virun allem als Glamour Icone an Erënnerung bleift, huet d'Brigitte Bardot sech och alt méi natierlech gewisen.

Fir d'Geschicht esou no un der Wourecht wéi nëmme méiglech kënnen ze erzielen, huet de Bernard Swysen sech virun allem op Quelle beruff, déi d'Personnagen deenen hiert Liewen hien erziele wollt, gutt kannt hunn, dem Chaplin seng Kanner oder d'Brigitte Bardot selwer. Beim Marilyn Monroe huet hien net méi mat der Actrice an hirem direkten Ëmfeld konnte schwätzen, do huet hie vill aner Quelle missten mat erunzéien, vill Documentairen, Bicher, an och der Marilyn Monroe hir Autobiographie.

De Bernard Swysen huet awer och schonn Erfarung mat där Zort Geschicht, well hie schonn d'Serie "La véritable histoire vraie" vun deene gréisste Béisen aus der Weltgeschicht realiséiert huet. Do sinn dës dräi Albumen eng agreabel Ofwiesslung, well se méi liicht am Toun sinn, a virun allem manner politesch.

3 Mënsche mat enger immens  räicher Karriär an engem mouvementéierte Liewen huet de Bernard Swysen an der Serie "Les étoiles de l'histoire" an de Mëttelpunkt gestallt. An nach eppes hunn déi dräi Stare  gemeinsam, wat nieft hirem Status als onstierflech Figuren aus dem Kino ee Grond ass, firwat si hir eege Bande Dessinéeë kritt hunn: Hir Numm hunn als Initialen zweemol dee selwechte Buchstaw: CC, MM a BB.