Den Zeenarist Hubert war virun allem bekannt, fir a senge Bande Dessinéeën Märercher ze erzielen, déi verzauberen, anengems awer och ganz däischter Säite weisen. Säi leschten Album, "Peau d'homme" gehéiert och an déi Kategorie.

30/06/2020 BD (Peau d'homme)

Dobäi huet hien och ëmmer mat Zeechner zesumme geschafft, déi et op de Punkt fäerdeg bruecht hunn, mat hire Biller ze verzauberen, an dovun op den éischte Bléck vun deenen däischtere Säiten aus der Geschicht ofzelenken, fir datt déi um Enn nach méi Wierkung weise kënnen.

"Peau d'homme" spillt an der italienescher Renaissance, an erzielt d'Geschicht vum Bianca, enger jonker Fra, där hire Papp si mam Giovanni bestuede wëll, engem Jong aus enger wuelsituéierter Famill. Den Giovanni huet alles fir ze gefalen, mä d'Bianca géif hie ganz gär virun der Hochzäit e bësschen méi genee kenneléieren.

An enger Zäit an där jonk Fraen dacks géint hire Wëlle bestuet gi sinn, ass dat een Affront, mä der Bianca hir Giedel erbaarmt sech hirer a verréit hier ee Familljegeheimnis. D'Fraen aus hirer Famill hu sech schonn zanter Generatiounen eng Haut vun engem Mann weiderginn. Domat kënne si sech, andeems si déi Haut einfach undoen, an ee Mann verwandelen, mat allem wat dozou gehéiert.

D'Bianca deet déi Männerhaut also un, verwandelt sech an de Lorenzo a léiert esou d'Welt vun de Männer besser kennen. An als Lorenzo verdréint si net nëmmen de Fraen de Kapp, mä och de Männer, ënnert anerem och hirem zukünftege Mann Giovanni, dee méi op Männer ewéi op Frae steet.

D'Bianca verwandelt sech an dësem Album, daucht vun enger Roll an déi aner, verléift sech um Enn och an den Giovanni. Esou datt aus engem forcéierte Bestietnis um Enn awer Léift gëtt, wann och net onbedéngt esou, wéi ee sech dat zur Zäit vun der Renaissance erwaart hätt. Dee Rollentäusch huet och dem Zeechner Zanzim wärend der Aarbecht un dësem Album vill Spaass gemaach, wat och op d'Lieser eriwwer spréngt.

Den Zeenarist, Hubert, huet d'Form vum Märchen ëmmer gär benotzt, fir aktuell Sujeten unzepaken. Féminismus, all Form vu Fanatismus oder och nach Neutralitéit an d'Gläiberechtegung vun de Geschlechter, wéi an dësem Album. "Peau d'homme" ass een Appel fir d'Mënschen als dat ze akzeptéieren, wat si sinn, an net an ale Rollen ze denken.

Leider huet den Hubert sech, kuerz nodeems hien dës Geschicht fäerdeg geschriwwen hat, d'Liewe geholl. Fir de Zanzim war et bestëmmt och een emotionellen Op an Of fir den Album ouni hie fäerdeg ze zeechnen. Mä bei all Trauer spruddelt "Peau d'homme" um Enn nëmmen esou vu Freed an Optimismus, mat engem Sujet, dee mat vill Taktgefill ugepak ginn ass, esouwuel am Text ewéi an de Biller.