Dee franséischen Auteur Frédéric Dard huet a senger Karriär 175 Romaner mam Kommissär San-Antonio geschriwwen. Romaner, déi eng Zäit immens populär waren, ënnert anerem och well si déi deemoleg Coden an der Krimi-Litteratur gesprengt hunn. A vun deene Romaner gëtt et elo och eng Bande Dessinées Versioun.

14-07-2020 BD (San-Antonio T.2 - Si ma tante en avait)

De Michaël Sanlaville stécht hannert där Adaptatioun, mat Leif a Séil, well hien déi Serie quasi auswenneg kennt. Schonn als Kand huet hien d'Romaner gelies, an dobäi gemierkt, datt dat net onbedéngt eppes fir säin Alter wier. Mä déi Erfarung huet hien un d'Liesen erugefouert, virop d'Bicher vum Frédéric Dard.
 
Hie wëll, datt deem säi  Wierk weider lieft, och wann et zanter dem  Doud vum Auteur net méi esou populär ass. D'Sprooch ass e bësschen vereelzt, mä grad an där Sprooch läit och fir de Michaël Sanlaville de Räichtum vum San-Antonio.

Dem Text gerecht ze ginn war déi gréisst Erausfuerderung där hie sech huet misste stellen, a virun allem, wéi hien ee Roman, dee méi ewéi 250 Säiten huet, an enger BD vun 88 Säiten, ënnerbrénge kann. Dobäi huet hien an der Bande Dessinée ee Virdeel géintiwwer dem Roman: A senge Biller kann hie Beweegung vill méi effikass duerstellen.

De San-Antonio a seng Equipe sinn an d'Bretagne versat ginn, well hir lescht Enquête een zimmleche Chaos verursaacht huet, deen an den héije Sphären net gutt ukomm ass. A wéi do am Hafen op eemol eng Läich opdaucht, ass de Chaos och an deem normalerweis rouegen Duerf perfekt.
 
D'Geschicht ass u sech awer nëmmen Niewesaach, vill méi geet et an de Geschichte mam San-Antonio ëm déi kleng Detailer ronderëm. An domat ameséiert de Michaël Sanlaville sech wéi ee klengt Kand.

An dësem zweeten Episod kënnt mat Bérurier senger Niess ee weidere wichtege Personnage dobäi. D'Marie Marie ass deen eenzege Personnage an der Geschicht, dee dem San-Antonio de Bass hale kann. Déi jonk Fra ass riicht eraus, a weess wat si wëll.

Et ginn an de Geschichte mam San-Antonio ëmmer e puer erotesch Zeenen, déi och riicht eraus sinn. Dat ass och de Grond, firwat de Michaël Sanlaville sech als Jugendlechen, wéi hien déi Bicher gelies huet, bewosst war, datt hien do eppes liese géif, dat net fir säin Alter geduecht ass. Hien huet awer net drënner gelidden, ganz am Contraire. An och wann déi Zeenen an der Bande Dessinée net op der Säit gelooss ginn, sinn se awer esou Soft, datt och méi jonk Lieser déi Biller net schockéieren. Dorop huet de Michael Sanlaville opgepasst, och wann hie sech bewosst ass, datt eenzel Biller zimmlech graff sinn.
 
An den Zeechnungen bréngt de Michaël Sanlaville säin dynamesche Stil no fir, bei den Texter baut hien awer dem Originaltext vum Frédéric Dard esou wäit ewéi méiglech trei. A fir d'Puristen, déi der Meenung sinn, datt een de Frédéric Dard guer net adaptéiere kann: De Michaël Sanlaville gëtt Iech zu engem groussen Deel Recht, an huet och guer net d'Ambitioun fir mat senge BDs Versiounen d'Romaner ze ersetzen.