Op Netflix leeft zanter e puer Wochen d'Serie "Snowpiercer". D'Geschicht an där d'Mënschheet probéiert, no enger Apokalypse an engem Zuch mat 1001 Waggonen, deen an engem Stéck ronderëm d'Welt fiert, an enger komplett veräister Welt ze iwwerliewen. Déi Geschicht ass virun e puer Joer och scho verfilmt ginn, an ass u sech eng Adaptatioun vun enger Bande Dessinée.

21-07-2020 BD (Transperceneige Extinctions T.2)

Deen éischten Episod vum Transperceneige ass viru knapp 40 Joer erauskomm, an als Bande Dessinée ass déi Saga viru 5 Joer mat engem véierten Album op en Enn komm. Dobäi  gëtt et nach esou vill ze erzielen, wat net nëmmen d'Serie weist, mä och de Bande Dessinées Prequel, Transperceneige Extinctions, an deem erzielt gëtt, wéi et iwwerhaapt zu där Katastroph komm ass, a wéi sech déi Iwwerliewend dunn organiséiert hunn, fir mam Transperceneige kënne ronderëm d'Welt ze fueren, an der Hoffnung, datt d'Mënschheet esou eng Chance huet fir ze iwwerliewen.
 
De Jean-Marc Rochette, den Zeechner, dee vun Ufank un d'Aventure vum Transperceneige begleet huet, schafft fir Extinctions mam Matz als Zeenarist zesummen.

Den Transperceneige war ëmmer mat senger  Thematik an där Zäit verankert, déi grad dunn aktuell war. An den 80er Joren war et d'Angscht virun engem Atomkrich, no an no sinn dunn och ëmmer méi ekologesch Aspekter mat an d'Geschicht agefloss. Esou bleift d'Geschicht ëmmer aktuell, och am Prequel, an deem ekologesch Fanatiker prett sinn d'Welt ze zerstéieren, well de Mënsch der Natur méi schued ewéi en hir notzt. Et si Stereotypen mat deenen den Zeenarist Matz hei schafft. Mä fir déi huet hien net wäit misste siche goen. Leit déi esou ticken ewéi déi Fanatiker a senger Geschicht, ginn et leider och a Wierklechkeet

D'Geschicht an dësem zweeten Episod vun Transperceneige Extinctions erzielt, wéi den Zuch säin éischten Tour ronderëm d'Welt ufänkt, an op verschiddene Plaze stoe bleift fir déi Leit anzesammelen, déi hir Plaz u Bord vun engem vun deenen 1001 Wagon verdéngt hunn. Am Zuch ass awer virun allem eng Persoun, där hir Utopie amgaangen ass, futti ze goen.

D'Haaptpersonnage sinn hei éischter den Jimmy a säi Papp, déi alles dru setzen, fir den Zuch ze kréien, egal wéi schwéier de Wee ass. Do gëtt et esou guer Parallellen tëscht dëse Figuren, an deenen aus der Serie op Netflix.

Eng Iddi, déi de Matz a senger Versioun vum Transperceneige opgräift ass déi, wéi d'Mënsche gläichberechtegt vun deem, wat den Zuch bitt, profitéieren, och wann et do dran nach ëmmer eng Klassegesellschaft gëtt, där hir Plaz een um Waggon erkennt, an deem si rees en. Wat méi wäit hannen am Zuch, wat hir Positioun an der Gesellschaft manner wichteg ass. Am Transperceneige Extinctions gëtt et awer eng Zort Kommunismus, datt jiddwerengem alles soll gehéieren. A mat deenen Iwwerleeunge steiert de Matz och ganz bewosst engem Trend a Katastrophegeschichten entgéint. Den Transperceneige ass alles ewéi keng Geschicht vun engem Held, deen et mat sengem Behuele méiglech mécht, datt d'Leit ronderëm hien iwwerliewen, och wann d'Chancen éischter schlecht stinn. Dofir gëtt et och kee richtegen Held, op d'mannst net an der Bande Dessinée.

Fir de Matz sinn d'Méiglechkeeten, déi sech doduerch bidden och mat eng Ursaach, firwat den Transperceneige och bal 40 Joer nodeems e fir d'éischt gerullt ass, nach ëmmer begeeschtert, an a verschiddene Formater existéiert. A well et esou vill verschidde Versioune vum Transperceneige ginn, an d'Geschicht am Album "Terminus" u sech eng Konklusioun fonnt huet, fir déi op d'mannst dem Jean-Marc Rochette no eng Suite net méi néideg ass, war de Prequel déi eenzeg logesch Méiglechkeet, nach eppes Neits aus deem Univers ze erzielen.

Wien d'Serie op Netflix kuckt, dee stellt an deem éischten Episod fest, datt et do eng Zeen mat engem Bild gëtt, dat een och um Deckel vun dësem Album fënnt. Dat Bild spigelt och gutt d'Atmosphäre vun der Geschicht erëm, a wat d'Mënschen am Zuch erwaart. Et huet eppes Roueges, Friddleches, anengems awer och Spannendes a Geféierleches. A wierkt an der Serie grad ewéi um Deckel vun der BD d'selwecht.