Ee Schwaarzen dee boxt, an den Titel vum Weltmeeschter gewënnt, dat ass u sech näischt Aussergewéinleches. Datt deen awer nieft dem Boxen och nach Damenhitt entwërft a schwul ass, kléngt dann iwwerdriwwen. Mä esou ee Boxer gouf et wierklech, a seng Geschicht erzielt de Reinhard Kleist an der Bande Dessinée "Knock Out!"

28-07-2020 BD (Knock Out)

De Boxer heescht Emile Griffith, hien ass 1938 op enger Karibikinsel op d'Welt komm, an nom zweete Weltkrich an d'USA ausgewandert, wou hien an engem Buttek geschafft huet, deen Dammenhitt verkaf huet. Als Vendeur war hien net immens gutt, mä hien hat een Talent fir där Hitt ze entwerfen. A wéi säi Patron eng Kéier duerch Zoufall gesinn huet wéi muskuléis hie war, huet hien en engem Boxtrainer virgestallt.

Wéi de Reinhard Kleist viru 4 Joer zu New York war, huet hien intensiv Recherche fir déi Geschicht gemaach, an do stoung et du fest, datt hien déi Geschicht och erziele wéilt.

Et ass interessant, wéi ee Wee den Emile Griffith a sengem Liewe gemaach huet, a wéi liicht him d'Karriär als Boxer gefall ass. Hie konnt doduerch och seng ganz Famill finanziell ënnerstëtzen. An awer ass hien ni Gréisstewansinneg ginn, mä ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen, och wann hien natierlech vu sengem Succès profitéiert huet. Dat louch och dorun, datt hie Frënn hat, déi hie fir dat wat hie war respektéiert hunn, an nëmme säi Bescht wollten:

Mä, wéi esou dacks an esou Geschichten, kann et net ouni Enn gutt weider goen. Mam Succès ass dunn och d'Jalousie vun deenen anere Mënschen opkomm, di him säi Liewen net gegënnt hunn. An et koum du bei engem Boxmatch zu engem trageschen Accident, bei deem hie säi Géigener, deen hie virdru mat homophobe Spréch beleidegt huet, esou zerschlo huet, datt deen an de Koma gefall ass, an e puer Deeg drop u senge Blessure verscheet ass.

An awer huet den Emile Griffith net opginn, an och duerno weider geboxt. De Reinhard Kleist probéiert an dësem Buch eng Äntwert op d'Fro ze ginn, firwat hien ëmmer nees an de Ring gaangen ass.

Duerch déi ganz Geschicht léiert een den Emile Griffith als ee feine Mann kennen, deen heiansdo e bësschen téint, mä soss eigentlech ee Softie ass. Datt hien Homosexuell war, ass u sech just enge Niewesaach, ëm déi et an der Geschicht och nëmmen zum Deel geet. Trotzdeem weist d'Geschicht awer och, datt verschidde Klischeeën einfach falsch sinn. Et fänkt schonn domat un, datt net nëmme säin Ëmfeld sech mol d'éischt vu senge Viruertdeeler vis-à-vis vun engem schwule Boxer muss léisen.

Fir den Auteur war et eng och Herausfuerderung fir dës Geschicht ze erzielen, well sech doduerch d'Méiglechkeet opgemaach huet, fir nieft der Biographie nach iwwert vill aner Themen ze schreiwen. Dofir war et och wichteg, datt d'Buch net einfach mam Doud vum Emile Griffith ophält, mä méi eng poetesch Manéier huet, fir déi flott Geschicht, mat all hiren traurege Säiten, op en Enn ze bréngen.