No hirer gudder Zesummenaarbecht bei der Serie "Dents d'Ours" leet den Duo Yann an Alain Henriet nach een drop, a proposéiert eng nei Serie, déi och nees d'Aviatioun als roude Fuedem huet. An och dës Kéier geet et nees ëm eng Persoun, déi et wierklech gouf: Déi amerikanesch Aviatrice Bessie Coleman, déi als éischt Fra mat Afro-amerikaneschen Wuerzelen ee Piloteschäin gemaach huet.

04-08-2020 BD VUN DER WOCH (Black Squaw T.1 - Night Hawk))

Hiere Papp staamt vun den Cherokee of, esou datt si et vun hiren Originnen hier an den USA an den 1920er Joren nach méi schwéier hat. A wéi wann dat net scho genuch Ursaache wieren, wéinst deene si  diskriminéiert ginn ass, huet den Zeenarist Yann nieft hiren Originnen nach zwee aner Punkten, déi si vu fir era penaliséiert hunn: De Fait datt si eng Fra war, an aus aarme Verhältnisser komm ass.

D'Geschicht vum Bessie Coleman wier eigentlech séier erzielt, well 1928 ass si b ei engem Accident ëm d'Liewe komm. Wat och erkläert, firwat bis elo nach net vill Bicher a scho guer keng Bande Dessinéeën iwwert si erauskomm sinn, trotz där wichteger Roll déi si an der Geschicht vun der Aviatioun a vun der Gläichberechtegung op ville Pläng gespillt huet. Eleng d'Manéier wéi si ëm d'Liewe komm ass, bitt eigentlech scho vill Fudder fir eng Geschicht ze erzielen. Dat geet dem Yann awer net wäit genuch, fir hien ass d'Geschicht domat einfach ze séier erzielt. Also profitéiert hien elo och vun de Moud vun den Uchronien, fir eng Geschicht ze erzielen, déi zwar an engem präzisen, historesche Kontext verankert ass, mä eng aner Kéier hëlt ewéi een dat aus de Geschichtsbicher kennt.

Dobäi erzielt de Yann an dëser Geschicht e puer Anekdoten, déi op den éischte Bléck iwwerdriwwe wierken. Zum Beispill, datt d'Bessie Coleman wärend der Prohibitioun soll fir den Al Capone Alkohol aus dem Kanada an d'USA geschmuggelt hunn. Mä wéi esou dacks beim Yann, si grad déi onwarscheinlechst Anekdoten déi, an deenen am meeschte Wourecht stécht.

Den Zeechner vun dëser Serie ass dee selwechten, mat deem de Yann och schonn fir d'Serie "Dents d'Ours" zesummeschafft. Den Alain Henriet.

Well dat wat an dëser Bande Dessinée erzielt gëtt, a villen Detailer fest an der Geschicht verankert ass, an och d'Detailer vun de Fliigere stëmme mussen, brauch den Alain Henriet eng zolidd Dokumentatioun fir d'Serie zeechnen ze kënnen. Déi extrem technesch Approche mat där den Alain Henriet seng Säiten zeechent, erkennt een iwwert dem Liesen awer guer net, déi eenzel Zeene spruddele vu Liewen.

Bei de Personnagen huet hien och net dee gréisste Fräiraum, virun allem bei deenen, déi wierklech gelieft hunn. Mä och soss huet den Alain Henriet seng Technik, fir seng Personnagen ze fannen: Hien inspiréiert sech bei méi oder manner bekannte Persounen. Mä hie bleift ni un de Fotoe pechen, déi hien als Virlag fir seng Personnage geholl huet.
 
Nieft dem Haaptpersonnage lieft dës Bande Dessinée awer och duerch eng sëllegen Niewepersonnagen, déi net direkt eppes mat der Geschicht ze dinn hunn. Och do leet den Zeechner vill Wäert drop, datt déi, och wann et "just" Niewepersonnage sinn, lieweg a wichteg eriwwer kommen. An heiansdo geet dat duer, datt Niewepersonnagen eng Eegendynamik entwéckelen, a méi eng wichteg Roll an der Geschicht kréien. Wéi zum Beispill dee klenge Grupp Kanner, deen an engem Stéck ronderëm d'Bessie ass, an him hëlleft. Déi huet den Alain Henriet esou gutt gezeechent, datt de Yann doropshin decidéiert huet, hinne fir d'Suite méi eng wichteg Roll ze ginn.

Vir den Ufank sinn elo mol dräi Albume geplangt, u sech hunn d'Auteure genuch Material op Lager, fir duerno direkt nach eemol dräi Albumen ze realiséieren. Méi wäit geet de Plang nach net, mä wann d'Serie gutt ukënnt, kann et och duerno nach weider goen.

An och mat Dents d'Ours soll et weider goen, och wann den Alain Henriet déi zwou Serien zeechent!