24 Joer nodeems eng éischte Kéier eng afro-amerikanesch Schauspillerin en Oscar gewonnen hat, war et 1964 deen éischten Oscar fir eng Haaptroll an zwar fir den Acteur Sidney Poitier. Anescht wéi d'Hattie McDaniel 1940, souz hien awer am Sall ënnert all deenen Aneren. Christiane Kremer

11/08/2020 Serie: Black Arts Matter "Sidney Poitier" (9)

An awer war et nach ëmmer eppes Aussergewéinleches, och wann zu där Zäit vill demonstréiert a manifestéiert gouf fir d'Rechter a géint d'Diskriminéierung. Och do war de Sidney Poitier aktiv nieft aneren Acteuren wéi den Harry Belafonte oder och den Charlton Heston. Eng berüümt Foto weist déi dräi wärend dem Marsch fir d'Civil Rights 1963.

 Den Sidney Poitier, deen am Februar säin 93. Gebuertsdag gefeiert huet, kënnt vun de Bahamas. Allerdéngs ass en zu Miami op d'Welt komm, well seng Elteren grad do op Besuch waren, dofir huet hien och déi amerikanesch Nationalitéit. Mat 15 Joer, nodeems en als aarme Bauerejong opgewuess ass, ass e bei säi Brudder a Florida geschéckt ginn. D'Rassentrennung an d'USA war fir de jonke Bouf e Schock. Mat 18 Joer koum en op New York, huet iwwerall Aarbechten ugeholl. An hie koum fir d'éischte Kéier a Kontakt mam Theater. Bei enger Auditioun am American Negro Theater gouf hie wéinst sengem komeschen Accent net ugeholl. 6 Méint laang huet hien dorunner geschafft a sech nach emol virgestallt a krut eng Roll an der Broadway-Produktioun Lysistrata. Do ass hie fir de Film entdeckt ginn, och wann e sech dofir e puer Joer méi al gemaach huet. No "No way out" koumen nei Offeren, mä ëmmer nach Rollen, déi net un dat erukoumen, wat wäiss Acteuren ugebuede kruten.

Dem Sidney Poitier säi Wee ass awer biergop gaangen, hie war weider am Theater an am Film aktiv. No 7 Joer stoung hien, als éischte faarwege Schauspiller, um selwechten Niveau wéi seng wäiss Kollegen. Hie krut Haaptrollen ugebueden a fir "Lilies of the field" ass e mat dem Oscar fir déi bescht Haaptroll ausgezeechent ginn. Domadder war hien och en Hollywood-Star an och deen éischten Afro-Amerikaner, deen eng Plack um Hollywood-Boulevard krut.

Och an de Rollen, déi hien dono interpretéiert huet, ass et ëm dat gaangen, fir dat de Poitier och gekämpft huet: Gläichberechtegung. Dat ass och spéider als Produzent a Regisseur him en Uleies gewiescht. Dat huet hien an engem Interview beim Oprah Winfrey verroden.

Hie stoung an der Lëscht vun de beschten Acteuren, huet an de beschte Produktioune gespillt an ass och haut nach ëmmer eng Referenz.

De Sidney Poitier ass fir d'zweet bestuet a Papp vu 6 Meedercher. Laang Joren war hie Konsul fir d'Bahamas a Japan. Hie gouf mat ville Präisser ausgezeechent. Well d'Bahamas zum britesche Commonwealth gehéieren, gouf hien zum Ritter geschloen an dréit den Titel Sir.

2009 krut e vum Barack Obama d'Friddensmedaille ëmgehaangen. Deem säi Papp hat an den 1950er Jore vun enger Bourse fir jonk Afrikaner profitéiert, fir déi sech eng Associatioun agesat huet, an där den Sir Sidney Poitier aktive Member war.