Wann een no engem afroamerkianesche Moler freet, dann kënnt emol fir d'éischt den Numm vum Jean-Michel Basquiat, dee mer Iech viru 4 Wochen an dëser Serie virgestallt haten. Et fënnt een awer och nach aner Nimm, déi op hir Manéier d'Molerei beaflosst hunn an deemno hir Spueren hannerloossen. Christiane Kremer

13/08/2020 Serie Black Arts Matter: D'Moler Thelma Johnson Streat a Sam Gilliam

Do wier emol d'Artistin an Dänzerin Thelma Johnson Streat, déi an d'Konschtgeschicht ageet als éischt faarweg Molerin, vun där de Museum of Modern Art - de MOMA - vun New York e Wierk a seng permanent Kollektioun opgeholl huet. 1942 koum "Rabbit Man" an dat renomméiert Haus.

D'Thelma Johnson Streat war e Multi-Talent. Si ass 1912 am Bundesstaat Washington op d'Welt komm. Si hat och indianescht Blutt a sech vum Vollek vun den Cherokee. Duerch hire Papp, deen och Kënschtler war, hat si séier Kontakt zu Konscht an huet dat och zu Portland studéiert. Si war awer vu ville Genren inspiréiert an huet alles an hirer Aarbecht integréiert: Aquarelle, Uelech, Tënt, Kuel, Textil an huet och d'indigen Aflëss aus der Regioun op eng modern Manéier integréiert.

Zu San Francisco huet si u verschiddene Konschtprojete geschafft. Dobäi och zesumme mam weltbekannten, mexikanesche Moler Diego Rivera un engem vu senge monumentale Wandmolereien. Hien huet se an engem Wierk veréiwegt a vun hir als Kënschtlerin gesot:

"Hiert Wierk ass a mengen Aen eent vun den interessanteste den Ament an dësem Land."

D'Thelma Johnson Streat war och Textidesignerin, Sängerin an Dänzerin an huet als eng vun den éischten Performancë bei hiren Ausstellunge gemaach. Domadder huet se och an de Konschtcourse geschafft, déi se ginn huet. Mat hirem Mann huet se Projete mat Kanner op Haïti a Hawaï gemaach.

Hir Wierker hunn zu Hollywood gutt gefall an eng Rei bekannte Leit haten der an hirer Kollektioun. Si huet sech och net gescheit kontrovers Themen unzepaken, och de Rassismus, wat hir eng Rei Menace vum Ku Klux-Klan abruecht huet.

Deen zweeten afro-amerikanesche Moler, deen och international ukënnt ass den 87 Joer ale Sam Gilliam. Hie gehéiert zu de ganz innovative Kënschtler, dee sech vill mat der Faarf an nach méi mat der Form vu senge Wierker ausernee setzt. Hie gehéiert zu de Vertrieder vun de Colour Field Painting, dat heescht groussformateg Tableauen, an deenen d'Faarf ganz homogen a Felder opgedroe gëtt, heiansdo gerëselt oder geschott.

De Sam Gilliam war dobäi deen éischten, dee seng Toilen quasi aus de Kaderen erausgeholl an opgehaangen huet. Zum Deel huet e se esouguer drapéiert an un d'Mauer gehaangen.

Hien huet an de leschte Joerzéngten international ausgestallt a war och 2017 zu Venedeg bei der Biennale.