Et si siwe Buschtawen, et ass ee Wuert, et war en Hit an et ass bis haut d'Hymne vun der afro-amerikanescher Biergerrechtsbewegung a vun der Fraebewegung. D'Lidd koum 1967 eraus, an ass esou aktuell wéi ni. D'Stëmm hannendrun ass déi vun der Aretha Franklin, déi virgëschter vrun 2 Joer gestuerwen ass, Christiane Kremer.

18/08/2020 Serie Black Arts Matter: "Aretha Franklin" (11)

R E S P E C T - dat sinn déi siwe Buschtawen, déi eigentlech Normalitéit solle sinn, tëscht eis Mënschen. Datt dat awer nach ëmmer muss thematiséiert ginn, ass dat eent. Aus deem Grond ass den Hit "Respect", deen 1967 eng éischte Kéier vum Aretha Franklin gesonge gouf, wuel op all Éiwegkeet e Klassiker. Den Otis Redding huet en 1965 komponéiert a geschriwwen a vum Respekt gesongen, deen e Mann sech vu senger Fra wënscht.

An der Versioun vum Aretha Franklin ass et d'Roll vun der Fra, déi am Mëttelpunkt steet an déi no Respekt freet. Et ass am Stil vun engem Gospelsong opgeholl a mat der ganzer Kraaft vun hirer Soulstëmm gouf et ganz séier en Hit. E gouf iwwer 1 Millioun Mol verkaaft an huet d'Sängerin weltbekannt gemaach. Am Joer drop gouf et e Grammy an 2004 huet de Rolling Stone "Respect" op Nummer 5 vun de beschte Lidder vun allen Zäite gesat.

An e krut seng symbolesch Bedeitung an der Fraebewegung an an de Protester vun der Biergerrechtsbewegung.

© AFP

Fir d'Aretha Franklin war et den Ufank vun enger Weltkarriär a si krut ganz séier den Numm "Queen of Soul", war eng Ikon vum schwaarze Widderstand.  D'Aretha Franklin koum 1942 zu Memphis Tennessee op d'Welt an hat vu klengem u mat Musek ze dinn. Si huet am Chouer an der Kierch gesongen a Piano a Gesangscourse kritt. De Gospelgesank stoung och am Mëttelpunkt vun hirem éischten Album, dee se mat 14 Joer schonn opgeholl huet. Ganz séier ass se a Richtung Pop gaangen an huet a Clubbe gesongen. Hir éischt Single war schonn emol en Hit.

An du koum RESPECT.

Zënter deemools ass "d'Queen of Soul" permanent present gewiescht. Quasi all Single koum an d'Billboard-Charts. Si huet am Laf vun de Joren 18 Grammye gewonnen. De Rolling Stone huet se op Nummer 1 vun de beschte Sängerinne gesat. Si krut eng Auszeechnung no där aner an huet iwwer 5 Dekaden ëmmer nees Nummer-1-Hitte kritt. De leschte virun engem Mount, mat der ReRelease vun "Never gonna break my faith", e Videoclipp mat alem an aktuellem Material ronderëm d'Demonstratioune fir Rassegläichheet.

D'Aretha Franklin war vu Jonkem un aktiv an der Lutte fir Gläichberechtegung vun de Rechter vun den Urawunner, den Afro-Amerikaner a vun de Fraen.

Grouss Momenter an hirem Liewen, waren, wéi se fir de Luciano Pavarotti a leschter Minutt agesprongen ass an "Nessun dorma" gesongen huet a wéi se 2009 bei der Inauguratioun vum Barack Obama ,als President vun den USA, gesongen huet. Fir d'Inauguration vum Donald Trump hat se sech ofgemellt.

Mat 76 Joer ass d'Aretha Franklin 2018 no schwéierer Krankheet gestuerwen. Si war zweemol bestuet a Mamm vu 4 Kanner. D'Trauer an der Musekwelt war grouss. Si wäert onvergiess a respektéiert bleiwen.