Hie gehéiert zum berüümte Rat Pack, enger Grupp vu Schauspiller a Sänger, déi Enn vun den 1950er Joren zu Las Vegas opgetruede sinn. Grouss Nimm aus Amerika: Dean Martin, Shirley McLaine oder Frank Sinatra. Dacks gëtt awer gesot hie wier dee Beschte gewiescht: de Sammy Davis Jr. an hie war och e Multitalent. Christiane Kremer

20/08/2020 Serie Black Arts Matter "Sammy Davis Junior" (12)

Scho mat nëmmen dräi Joer war hie mat sengem Papp, dem Sänger a Bünekënschtler Sammy Davis Sr., bei deem sengen Optrëtter ronderëm New York derbäi. Do huet de Junior dann och scho geléiert sangen a steppdanzen. Mat siwe Joer hat hien 1932 eng éischt Filmroll a mat 16 Joer huet en e gewësse Frank Sinatra kennegeléiert, deen 10 Joer méi al war, mä deen séier d'Talent vum Sammy erbléckst hat a mat deem hien dono an enger lieweslaanger Frëndschaft verbonne war. Ëmmer erëm huet de Sinatra et fäerdegbruecht, dem Davis Jr. am rassistesche Las Vegas Optrëtter ze verschafen.

Och bei der US-Army huet hien ënner dem Rassismus gelidden. No sengem Déngscht stoung en nees op der Bün a séier hat hien de Ruff vun engem richtegen Entertainer, an dat och beim wäisse Publikum. Dat louch definitiv u senger Villsäitegkeet: hie konnt ganz gutt sangen, formidabel danzen, war Komiker an en hat och nach den Don Stëmmen nozemaachen. A mat absoluter Begeeschterung huet en déi bekannt Sänger vum Ament, een nom aneren imitéiert. Nieft der Bün koumen och déi éischt Plackekontrakter.

Bei engem Autosaccident huet hie säi lénkst A verluer a wärend der laanger Zäit an der Klinik ass en zum Judentum iwwergetrueden. Spéider huet hien, dee sech selwer gär op d'Schëpp geholl huet, behaapt hie wier deen "eenzegen, schwaarzen, jüdeschen Entertainer mat nëmmen engem A op der Welt".

Ganz séier gouf de Sammy Davis Jr. och fir Filmrollen engagéiert. An du koum déi grouss Zäit vum Rat Pack! E puer Joer laang hu Frank Sinatra, Dean Martin, Shirley Maclaine, Peter Law, Joey Bishop an den Davis Jr am Sands Hotel zu Las Vegas opgetrueden. aus der Zesummenaarbecht sinn och Filmer entstanen, wéi Ocean's Eleven, de berüümten Original, dee spéider vu Clooney a Co nei verfilmt gouf.

De Sammy Davis Jr. war awer och eleng op der Bün eng Klass fir sech. An der Musical-Verfilmung Sweet Charity ass hien, fir säin Optrëtt grad esou gefeiert ginn, wéi 1971 fir säin Nummer1 Hit Candy Man. An den 1980er Jore wollt de Rat Pack noch emol op Tournee, mä den Dean Martin huet krankheetshalber mussen ophalen. Dono war hien awer mam Frank Sinatra an dem Liza MInelli op Weltournee.

1989 ass hien u Kehlkopfkriibs erkrankt, hien huet e Liewe laang vill gefëmmt, och op der Bün, an den 16. Mee 1990 ass an am Alter vun 65 Joer gestuerwen. 

© U.S. Information Agency. Press and Publications Service

De Sammy Davis Jr. war dräi Mol bestuet a Papp vun engem Meedchen an dräi Adoptiv-Kanner. Säin zweet Bestiednes mat der schwedescher Actrice May Britt hat an de rassegetrennten US-Staaten fir vill Opreegung gesuergt.

De Sammy Davis Jr. war och politesch intresséiert an huet déi zwee Kennedy-Bridder bei hirem Wahlkampf ënnerstëtzt. Hie war awer och e perséinleche Frënd vum Richard Nixon. Vun deem war en awer enttäuscht, well e vu senge Verspriechungen a Saache Biergerrechter näischt agehalen huet.