"D'Mënschen sinn an der Geschicht gefaangen an d'Geschicht ass an de Mënsche gefaangen" - dat ass eent vun de ville markanten Zitater vum afroamerikaneschen Auteur James Baldwin. 1987 ass hien am Alter vun 63 Joer u Kriibs gestuerwen, seng Wierker sinn awer haut nach genau esou wichteg an aktuell wéi deemools, als Buch an als Film-Adaptatioun. Christiane Kremer

25/08/2020 Black Arts Matter (13) James Baldwin

An Däitschland koume grad an de leschte Joer seng Bicher an enger iwwerschafftener Iwwersetzung eraus a sinn direkt op de Bestseller-Lëschten opgetaucht.

An Amerika si gläich zwee vu senge Romaner fir de Film adaptéiert ginn. "If Beale Street could talk" vum Barry Jenkins koum 2018 eraus an huet der Schauspillerin Regina Kings och den Oscar fir déi bescht weiblech Nieweroll abruecht. An 2017 huet de Realisateur Raoul Peck dem Auteur säin net fäerdegt Manuskript fir den Dokumentarfilm "I am not your negro" verschafft an deem een och de Baldwin selwer héiert a gesäit. Iwwregens op de Begrëff Negro gekuckt: den James Baldwin huet dat Wuert ëmmer benotzt, wann e sech op d'Thema Rassismus a Biergerrechter bezunn huet.

Gebuer ass den James Baldwin den 2. August 1924 am New Yorker Quartier Harlem, souzesoen als Meedercheskand, wie säi Papp war, ass en ni gewuer ginn. Nodeems seng Mamm sech mam Fabrikaarbechter an Priedeger aus der baptistescher Kierch David Baldwin bestuet hat, krut den James nach weider Geschwëster, awer och en Adoptivpapp, zu deem en awer eng schwéier Relatioun hat. Trotzdem huet hien als Jonken och eng kuerz Zäit gepriedegt, sech awer dono dovunner lassgesot, well e fonnt huet, datt dës Ghettokierch just eng Mask wier fir Haass a Verzweiwlung ze verstoppen a keen Auswee aus der Aarmut an dem Rassismus. Ganz jonk schonn huet hie sech fir Literatur begeeschtert an och selwer geschriwwen- ugefaange mat Rezensiounen an der Press. Am Schrëftsteller Richard Wright huet en e Mentor an eng nei Pappefigur fonnt, et war eng Relatioun, déi awer séier gestéiert war, nodeems de Baldwin fonnt huet, datt dem Wright säi Schreiwen reng Protestliteratur wier an net wichtegen aneren ästheteschen Aspekter kéint entspriechen.

Well en de Rassismus a senger Heemecht net méi ausgehalen huet a seng éischt literaresch Schrëtt net ukoumen, ass den James Baldwin, grad wéi de Wright, op Paräis gaangen, huet sech selwer exiléiert, wéi e spéider erkläert huet.

No gesondheetleche Problemer, huet en seng éischt Romaner geschriwwen "Go tell it on the mountain" an deem en d'Erfarungen an der Baptiste-Kierch mat verschafft huet an "Giovanni's room", d'Geschicht vun engem wäissen Amerikaner, deen zu Paräis eng homosexuell Relatioun ufänkt, géint déi e sech awer nobausse wiert. De Baldwin, dee selwer homosexuell war, gëlt duerch dës a seng spéider Wierker als e Verfechter vu Gläichheet a géint d'Diskriminéierung.

No sengem Retour an d'USA, wou en entretemps och als Auteur bekannt war, huet e sech och ëmmer méi der Protestbewegung ugeschloss, an ass duerch markant Rieden an Essayen opgefall. No de Morden u Martin Luther King an Malcolm X ass den James Baldwin quasi eng zweete Kéier fräiwëlleg an de franséischen Exil gaangen. Seng Wierker hunn dobäi ëmmer nach d'Thema vun de Civil Rights opgegraff, mä hien huet dobäi eng positiv Form gewielt.

Hie war och deen éischten afroamerikanesche Kënschtler, deen um Titel vum renomméierten Time Magazine war. Seng Präsenz ass awer nach ëmmer ze spieren: duerch seng Bicher a seng berüümten Aussoen:

“I love America more than any other country in the world and, exactly for this reason, I insist on the right to criticize her perpetually.”

“I can't believe what you say, because I see what you do.”

“Anyone who has ever struggled with poverty knows how extremely expensive it is to be poor.”

“Neither love nor terror makes one blind: indifference makes one blind.”

“Everybody's journey is individual. If you fall in love with a boy, you fall in love with a boy. The fact that many Americans consider it a disease says more about them than it does about homosexuality. ”