Et ass eng vun de beschten Stëmmen, wann net déi perfekst, déi je an der Soul- a Popmusek ze héiere war. Eng wonnerschéi Fra, eng cool Ausstralung, mä en zerrapptene Mënsch, deem säi Liewen vun Drogen an Alkohol zerstéiert um Enn tragesch op en Enn gaangen ass, d'Whitney Houston war e Star fir Schwaarz a Wäiss. A genau esou war hiert Liewen. Christiane Kremer

27/08/2020 Black Arts Matter (14) Whitney Houston

D'Musek konnt nach esou gewéinlech sinn an den Text nach esou kitscheg, wann d'Whitney Houston de Song bruecht huet, da war en eppes extraes.

Hir Stëmm war einfach méi grouss, wéi alles, wat fir si komponéiert a geschriwwe gouf a wahrscheinlech méi grouss wéi d'Perséinlechkeet Whitney Houston selwer.

D'Talent koum aus der Famill, d'Mamm huet scho beim Elvis Presley am Chouer matgesongen an d'Cousine Dionne Warwick gehéiert och zu de groussen amerikanesche Soul-Stëmmen. An d'Basis krute se all an der Gospel-Musek an de Kierche-Chéier, do wou Ausdrock an Déift geschlaff goufen an d'Stëmm hier Stäerkt an Tonalitéit krut.

D'Whitney Houston huet dat alles matgeholl op hirer musikalescher Rees, duerch d'synthetesch Pop-Welt vun den 1980er, wou hir Songs och de wäisse Publikum ugesprach hunn : ëmmer nees Lidder voll Liewesfreed a Léift mat Tremolo a 3 Oktaven héich. A passend derbäi eng wonnerschéin, jonk Fra, déi och schonn als Modell op de Coveren vun Teeni- an aneren Magaziner ze fanne war. Alles war blénkeg, propper a glaskloer. Eng Kariär wéi am Billerbuch, e Meedche fir gär ze hunn, e Star fir all Communautéit.

Den Top koum 1992 mat dem Film "Bodyguard", wou d'Whitney Houston nieft dem Kevin Costner gespillt huet. A gesongen: hei gouf ass dem Dolly-Parton-Klassiker de Whitney-Houston-Mega-Hit.

Hiren Entdecker Clive Davies wosst, wéi een dëse stëmmlechen Diamant konnt vermaarten an en duerch d'Genrë bréngen: vum Pop bis bei den R&B. Am Laf vun hirer Kariär huet d'Whitney Houston iwwer 170 Millioune Placke verkaaft, Grammyen an aner Präisser gewonnen, steet am Guiness-Buch vun de Rekorder als Sängerin mat de meeschten Auszeechnungen an huet eng Onmass Musekerinne beaflosst.

Mä hannert dem Erfolleg huet sech e mënschlecht Drama ofgespillt. Jorelaang soll d'Whitney Houston eng erotesch Relatioun zu hirer beschter Frëndin Robyn Crawford gehat hunn. Iwwer hir Bi-Sexualitéit gouf ni ëffentlech geschwat an alles war souwisou keen Thema méi, wéi d'Whitney Houston sech 1992 mam Bad Boy an R&B-Sänger Bobby Brown bestuet huet. E Bestiednes mat Drogen, Alkohol, Gewalt. No 14 Joer koum d'Scheedung.

D'Whitney Houston huet sech ni méi komplett gefaangen, "Ech si mäi gréisste Feind", sot se selwer.

Den 11. Februar 2012 gëtt si dout an der Bidden an engem Hotelzëmmer zu Bervely Hills fonnt: an hirem Blutt si Spuere vu Kokaïn. Si hat 48 Joer.

Nëmmen 3 Joer méi spéit gëtt hir eenzeg Duechter a Sängerin Bobbi Christina, och an der Bidde fonnt. Si war vu sech an ass e puer Méint méi spéit gestuerwen. D'Ursaach: Drogen am Blutt.

© AFP (archiv)