Hie gehéiert zu deenen, déi d'Soulmusek grouss gemaach hunn. Dëse Musek-Mix aus Rhythm and Blues a Gospel ass an den 1950er a 60er Joren entstanen an huet domadder och d'Biergerrechtsbewegungen vun deemools begleet. De Ray Charles gëlt bis haut als Pionnéier dervun, obuwel seng musikalesch Kreativitéit do net stoe bliwwen ass. Christiane Kremer

01/09/2020 Serie "Black Arts Matter" De Soul-Museker Ray Charles (15)

"D'Genie" war de Spëtznumm, deen e vu villen anere Museker kritt huet. Wéi anerer mat de Wierder, huet hie mam Sound jongléiert.

Gebuer ass de Ray Charles Robinson 1930 zu Albany am Staat Georgia. Seng Mamm, Wäschfra, war als jonkt Meedchen schwanger ginn. Si krut spéider nach e Bouf, den George, deen als klenge Bouf an der Wäschbidden erdronk ass. Dëst schrecklecht Evenement huet den Ray staark markéiert. Ausserdeem krut hien ëmmer méi Problemer mat den Aen a mat 7 Joer war e blann.

Seng Mamm huet en dunn an eng Blanneschoul a Florida ginn, wou e Kontakt mat der Musek an der Braille-Schrëft krut. De Ray Charles huet geléiert wéi ee mat der rietser Hand Noute liest a mat der lénkser en Instrument spillt an ëmgekéiert an dono béides kombinéiert. Seng Instrumenter ware Saxophon, Klarinett, Trompet an natierlech Piano.

"Ech mengen, ech si mam Gefill fir de Piano op d'Welt komm", sot e spéider eemol an engem Interview. Fir d'éischt drop gespillt huet en awer scho mat 3 Joer an engem Café.

Nom Doud vu senger Mamm ass de 15 Joer ale Bouf fortgaangen, war emol um Tour, krut säin éischte Kontakt mat Drogen an ass um Enn op Seattle wunne gaangen, wou en ee vu senge beschte Frënn kennegeléiert huet: de Museker Quincy Jones.

De Ray Charles huet Musek gemaach, fir anerer geschriwwen, mä en ass och mat Bands, wéi dem Frae-Quartett "Raelettes" opgetrueden. Eent vu senge grouss Virbiller war den Nat King Cole. 1953 hat en en Nummer 1 Hit an den R&B-Charts a vun do un huet e kloer säin eegene Stil entwéckelt, andeems e vill Stiler vermëscht huet.

1960 gouf et den éischte Grammy ... "Georgia on my mind" huet och d'Pop-Charts gestiermt an ass haut déi offiziell Hymne vum US-Staat. Am Ganze krut de Ray Charles 17 Grammyen. Mat de Genrë jongléieren, huet hien och weider begeeschtert- sou gouf Country souleg bei him a seng Präsenz an de Musek-Charts normal. Hien huet d'Rechter u senger Musek ni verkaaft a konnt deemno gutt dervu liewen. De Ray Charles war e Star fir Schwaarz a Wäiss an huet refuséiert a sougenannte "Rassistebuttecker" ze spillen

Nieft dem Succès am Musek-Job huet sech de Ray Charles d'Liewen awer selwer net einfach gemaach: besonnesch säin Drogekonsum huet em juristesch Problemer bruecht an de Prisong krut e grad evitéiert, wéi en an eng Kur gaangen ass. Vun do un war e clean an hat méi eng gesond Passioun: Schachspillen.

Donieft war de Ray Charles en "Homme à femmes": hie war zweemol bestuet an hat mat senger zweeter Fra 3 Kanner, war awer och nach Papp vun 9 anere Kanner, déi e mat verschiddene Fraen hat. An enger Biographie vun 1978 schreift en: "Zigaretten an Heroin ware meng zwou Suchten. Et kann een och nach d'Fraen nennen. Ech si wéi besiess vun hinnen, wéi ech jonk war an haut. Ech kann se einfach net eleng loossen."

2004 ass de Ray Charles u Liewerkriibs gestuerwen. Am selwechte Joer koum de Film "Ray" eraus, an deem den Jamie Foxx de Ray Charles spillt an dofir en Oscar kritt.