Datt d'afroamerikanesch Schauspiller a Regisseuren nach ëmmer net gläichwäerteg behandelt ginn wéi hir wäiss Kolleegen an d'Thematik Rassismus dacks aus der Vue vun engem wäisse Protagonist erzielt gëtt an den Dréibicher, dat ass zënter Joren eng intensiv Diskussioun zu Hollywood. Christiane Kremer

03/09/2020 Serie Black Arts Matter: d'Schauspillerin Lupita Nyong'o (16)

Besonnesch da wann et ëm d'Oscare geet. Nëmme véier Mol hu bis elo schwaarz Schauspiller (Sidney Poitier "Lillies in the field" 1964, Denzel Washington "Training day" 2002, Jamie Foxx "Ray" 2004, Forest Whitaker "The last King of Scotland" 2006) an ee Mol eng Schauspillerin (Halle Berry "Monster's ball" 2002) de Präis fir déi bescht Haaptroll kritt. A bei de Regisseuren ass d'Lëscht och net vill méi laang. An de leschte Jore sinn op mannst awer zwee Filmer am Kino opgetaucht, déi e grousse Publikums-Succès waren, gutt Kriticke kruten an och Auszeechnungen.

A béide Produktiounen ass déi jonk kenianesch Schauspillerin Lupita Nyong'o bedeelegt.

2013 am britesche Regisseur Steve McQueen sengem Drama "12 Years a Slave", deen op der authentescher Geschicht vum Solomon Northup baséiert, dee war am 19te Joerhonnert als fräie Bierger zur Skalverei gezwonge ginn an hat seng Erfarungen an engem Buch festgehalen, dat an den 1960er Joren nees nei entdeckt gouf.

De Film ass 2014 mat Präisser iwwerheeft ginn, och mam Oscar fir dee beschte Film. An deem fir déi beschten Actrice an enger Nieweroll fir d'Lupita Nyong'o.

Si ass 1983 als Duechter vun engem kenianesche Politiker gebuer an a Kenia opgewuess. Si huet an den USA Film- an Theaterwëssenschafte studéiert an dono och bei Filmproduktiounen wéi "The constant gardener" matgeschafft. No enger Schauspiller-Ausbildung ass se ganz séier fir d'Roll um Patsey an "12 years a slave" gecast ginn. Den Erfolleg an d'Präisser hu se bekannt gemaach, hiert Gesiicht ass zënter hier op den amerikanesche Magaziner ze gesinn. An déi nächst Roll koum direkt no: d'Maz Kanata a Star Wars.

Och an der Marvel-Produktioun "Black Panther", dem 18. Deel an der Serie, dee komplett um afrikanesche Kontinent spillt, ass si 2018 derbäi. De Film krut 3 Oscaren an de Kategorien Zeenebild, Kostümer a Musek an huet aus dem - leider vrun e puer Deeg verstuerwenen - Haaptacteur Chadwick Boseman e Star gemaach. D'Lupita Nyong'o huet fir hir Roll als Bodyguard vum T-Challa/Black Panther, Xhosa geléiert schwätzen a verschidde Kampfsportarten.

2017 huet d'Lupita Nyong'o an engem Commentaire an der New York Times geschriwwen, datt och si vum Harvey Weinstein zweemol sexuell belästegt gouf an dofir och eng Filmroll net ugeholl huet.

Nieft der Schauspillerei schreift si och Bicher an ass an hirem Heemechtsland Kenia ganz engagéiert am Naturschutz, awer och an der Ënnerstëtzung vu sozialen a Fraen-Initiativen, si kämpft géint den Honger a mécht Promotioun fir afrikanesch Konscht a Schauspillerei.

An der 2020-Forbes-Lëscht gëtt si ënnert de 50 wichtegste Fraen aus Afrika gefouert.