D'Jojo Moyes gehéiert den Ament zu de bekannte britesche Schrëftstellerinnen. Si ass Joergaang 1969 an huet 10 Joer als Journalistin geschafft, ier si sech 2002 als Romanautorin probéiert huet. An de Succès huet hir Recht ginn: mëttlerweil huet si 11 Bicher eraus bruecht, déi hire Publikum fonnt hunn. Déi meescht goufe Bestseller. "Nächte in denen Sturm aufzieht" ass viru kuerzem an der däitscher Iwwersetzung erauskomm, ganz nei ass d'Buch awer net, Manon Bercker.

30/07/2019 Buch "Nächte in denen Sturm aufzieht" vum Jojo Moyes

Silver Bay, e verschlofent Nascht iergendwou un der australescher Küst.
An den 1950er Joeren sinn hei mol vill Suen mam Walfang gemaach ginn. Haut gi Walen nach just gekuckt, a net ëmbruecht,  a vun deem fréiere Räichtum ass net vill iwwereg bliwwen. D'Duerf lieft méi schlecht wéi recht vun deene puer Touristen, deenen d'Natur méi bedeit wéi Luxushotelen an Nightlife.

En "Urgesteen" an dem klengen Duerf ass d'Kathleen. Si féiert hei zënter éiweg eng schonn e bësse delabréiert Pensioun, wou Gäscht logéieren, déi wéint de Wale kommen. D'Liza, der Kathleen hir Niess organiséiert dofir speziell Bootstouren. Viru 5 Joer ass d'Liza op eemol an Australien opgedaucht, mat hirem klenge Meedchen Hannah. D'Liza entwéckelt séier e Gespier fir déi majestéitesch Déieren, weess ëmmer am beschten, wou a wéini d'Walen duerch d'Bucht zéien, a si versteet et, hir Begeeschterung un d'Touristen weider ze ginn. Awer där jonker Fra geet et net gutt: net nëmmen d'Suerg em déi bedroten Déieren bedréckt d'Liza, si schleeft och e ganze Pak traumatesch Erënnerungen aus hirem Liewen viru Silver Bay mat sech.

Bon, den Alldag plätschert zimlech onspektakulär viru sech hin, bis enges Dags de Mike beim Kathleen am Hotel lant: en Englänner, en attraktiven Typ, dee sou guer net an hire 'normalen' Touristeschema passt. An effektiv, de gudde Mike ass natierlech net do, fir Vakanz ze maachen. Hien soll hei den Terrain preparéieren fir kënnen eng mega Hotelanlag opzeriichten. Suen soll dat dem Duerf bréngen, masseg Suen; an dem Mike senger Firma natierlech och. Ëm den Afloss vu sou enger Entreprise op d'Natur, op d'Delfinen an d'Walen an der Bucht, huet de Mike sech häerzlech wéineg Gedanke gemaach.

Mä da léiert hien dat rouegt Liewen do kennen a schätzen. An hien kënnt dem Kathleen, Hannah, a virun allem Liza, méi no wéi hie je geduecht hätt. An alles ass op eemol anescht...

"Nächte, in denen Sturm aufzieht" liest sech gutt, d'Personnagen kommen sympathesch eriwwer, d'Walen an d'Delfine kënne begeeschteren, d'Geschicht "deet net wéi". Eng Lecture fir ofzeschalten an ze relaxen, eng déi awer net weider an Erënnerung bleift. D'Story ass zimlech einfach gestrëckt a previsibel, d'Haaptpersonnagen stereotyp, an der Jojo Moyes hire witzeg, ironesch, frechen Schreifstil aus "Ein ganzes halbes Jahr" hunn ech hei och net erëm fonnt. Vläicht war et dann awer keng sou eng gutt Iddi, dëst Buch nach eng Kéier erauszebréngen...  
Vill Lieser waren net frou, wéi se no méi oder manner Säiten gemierkt hunn, dass et dëse Roman scho mol gouf, an zwar 2007. Dunn huet e just "Dem Himmel so nah" geheescht

An elo heescht en "Nächte, in denen Sturm aufzieht" a koum beim Verlag Rowohlt POLARIS eraus.