De Colson Whitehead gehéiert zu de wichtegsten amerikaneschen Auteuren vum Ament. Fir säi Roman "Underground Railroad" krut hien nieft dem amerikanesche National Book Award och de renomméierte Pulitzer-Präis. Hien huet doranner op markant Manéier iwwer den Ëmgang mat de Sklaven an deenen hirem Kampf fir fräizekomme geschriwwen. Och a sengem aktuelle Buch "Die Nickel Boys" befaasst sech de schwaarzen Auteur nach emol mam Thema Rassismus. D'Christiane Kremer huet et gelies.

Buch vun der Woch: Colson Whitehead "Die Nickel Boys"

Florida um Ufank vun den 1960er Joren. De 16 Joer jonken  Elwood, deen eleng bei senger Bomi lieft, nodeems seng Eltere sech duerch d'Bascht gemaach hunn, ass e ganz intresséierte Kärel, deen alles wëll gewuer ginn a liesen, wat em esou an d'Hänn kënnt an deen ee grousst Zil huet: op de College goen. Dofir mécht hien alles, schafft op ville Plazen fir eppes ze verdéngen a probéiert an der Schoul sou gutt ze sinn, wéi et nëmme geet. Duerch en trageschen Zoufall klëmmt hien an e geklauten Auto, deen dono an eng Police-Kontroll geréit. Den Elwood, dee wuel näischt dermat ze dinn huet, kënnt dofir amplaz op de College an en Zenter fir schwéier erzéibar Jongen, deen den Numm "Nickel" huet, sou wéi den Numm vun deem Mann ass, deen e gegrënnt huet.
Fir den Elwood ass kloer, datt sech séier opkläert, datt dat alles falsch gelaf ass oder datt hie séier nees entlooss gëtt, well e gudde Wëllen huet a vrun allem gutt léiere wëll. Mä ganz séier muss e feststellen, datt d'Lous vun engem schwaarze Jong net esou einfach ass. Souwisou getrennt vun deem wäisse Block, sinn hei d'Strofen duebel sou haart, ass d'Iesse vill méi schlecht an d'Konditiounen an der Schoul nach méi. Doriwwer eraus, sinn déi Responsabel an d'Opsiichter och nach korrupt a verkafen d'Liewesmëttel an aner wichteg Utensilien nees dobaussen fir sech esou selwer ze beräicheren oder loossen déi Jonk fir Anerer schaffen.
An da gëtt et do och nach dat berüümtent "Wäisst Haus" an deem sou muncheree schonn emol kräfteg Streech kritt huet an dono deeglaang op der Krankestatioun louch. Anerer sinn dono souguer fir ëmmer verschwonnen.
Den Elwood probéiert mat allem, wat méiglech ass, sech an der Riicht ze halen a sech weiderzeforméieren. Einfach ass et net an et dauert méi laang, wéi e wollt. Bis en enges Daags probéiert fortzekommen. Zesumme mat sengem Kolleg Turner.
"The Nickel Boys" ass eng fiktiv Erzielung, mä si baséiert op der Geschicht vun ähnlechen Anstalten, déi vru Joren an den USA an d'Aktualitéit gerode sinn, wéi Archeologen op Griewer gestouss sinn an deene jonk Inhaftéierter begruewe goufen. De Colson Whitehead beschreift de Wee vum Elwood an dräi Deeler a begleet en op sengem Wee vum jonken, motivéierte Bouf iwwer den idealistesche jonke Mann, dee sech inspiréiert un de Rieden vum Martin Luther King " “Throw us in jail and we will still love you.” Wéi schwéier grad dee Saz duerchzestoen ass, kritt en um eegene Leif ze spieren. Am drëtten Deel vun der Geschicht si mer da Jore méi spéit zu New York.
"The Nickel Boys" ass vläicht net ganz esou staark wéi "Underground Railroad" bei deem ee richteg betraff an zum Deel rose ginn ass iwwer déi Ongerechtegkeeten a Gewalt, déi zu den Zäite vun der Sklaverei geherrscht hunn. An dëser Geschicht kënnt een awer net derlaanscht sech esou no beim Haapt-Protagonist ze spieren, datt ee mat him fillt, mat him hofft a mat him baangt a sech ëmmer nees seet: "Hoffentlech kënnt en do eraus". D'Gefill fir den Elwood iwwerweit dann och dem liichten Duercherneen, deen een heiansdo huet, well vill Personnagen opdauchen, déi een net ëmmer direkt ageuerdent kritt. Mä vläicht ass dat och d'Zil vum Auteur, datt ee just déi jonk Liichtgestalt, déi den Elwood ass, am Fokus huet.
"The Nickel Boys" liest sech soss ganz gutt a geet engem wierklech no. Et ass sécher e wichtegt Stéck amerikanesch Geschicht, déi de Colson Whitehead opgräift an déi nach vill ze dacks verdrängt gëtt.

An der däitscher Iwwersetzung ass "The Nickel Boys" am Hanser Verlag erauskomm.