D’Buch vun der Woch ass dës Kéier mol nees en Krimi oder villäicht souguer éischter en Psychothriller. „Der Kinderflüsterer“ vum Alex North handelt vun entfouerte Kanner, zwou ale Familljegeschichten an dem Schicksal vun engem Polizist a geet sou richteg ënnert d'Haut, seet d'Tiffany Saska. Si huet d’Buch mat ganz vill Spannung gelies.

20/08/2019 Buch vun der Woch "Der Kinderflüsterer" Tiffany Saska

Den Tom Kennedy a säi klenge Bouf, den Jake, hu schwéier Zäiten hannert sech. Nom Doud vun der Mamm Rebecca sinn déi zwee op sech eleng gestallt a gi mat dem tragesche Verloscht ganz ënnerschiddlech ëm. Den Tom denkt, datt hien der Situatioun net gewuess ass a fillt sech verluer am Ëmgang mat sengem Jong. Dee féiert ëmmer méi oft Gespréicher mat sech selwer an ass ganz a sech gekéiert. En neit Haus am klengen Dierfche Featherbank soll en Neiufank fir déi zwee sinn. Zu dem Zäitpunkt wësse si awer net, datt si am sougenannte „Gruselhaus“ wunnen, an dës Stad vun enger aler Geschicht gepräägt ass. De Frank Carter, genannt "der Kinderflüsterer" huet virun 20 Joer fënnef Kanner entfouert, woubäi ee Jong ni konnt fonnt ginn. De Polizist Pete Willis konnt den Carter deemools an de Prisong bréngen, mä bis haut léist déi Geschicht hien awer net lass.
 
Wéi op eemol no der ganzer Zäit e weidere Jong verschwënnt kommen all di al Geeschter nees op an de Pete Willis gëtt mat all den Ängschte konfrontéiert. Et schéngt, wéi wann een den Kinderflüsterer vun deemools kopéiere wéilt. Wéi dann och den Jake op eemol dovun erzielt, datt hie mam Kand am Buedem wéilt spillen an komesch Reim opseet, ass den Tom alarméiert. Hien wëll säi Jong mat allem, wat en huet, verdeedegen, mä kann trotzdeem net alles verhënneren.

Der Kinderflüsterer erzielt d’Geschicht vum Monster Frank Carter, deen dës grujeleg Dote verbrach huet, ouni awer genee op Detailer anzegoen. Et geet vill méi ëm dat ronderëm. Ëm de Polizist Pete Willis, deen un der aler Geschicht komplett zerbrach ass, zum Alkoholiker gouf a seng Famill verluer huet. Zesumme mat der jonker Polizistin Amanda, déi fir dësen aktuelle Fall zoustänneg ass, harmonéiere si gutt zesummen. Parallel gëtt dann och ëmmer nees dem Tom seng Gefillswelt beschriwwen. Hien fënnt kee richtegen Drot zu sengem Bouf an weess net, wéi domat ëmgoen, datt den Jake sozial immens opfälleg ass. Am Laf vun der Geschicht komme si sech awer ëmmer méi no. An och d’Geschicht tëscht dem Polizist Pete an dem Tom réckelt ëmmer méi an de Virdergrond, mä do wëll ech net ze vill verroden.

A klenge Kapitel ginn ofwiesselnd déi verschidden Handlungen erzielt. Meeschtens aus der Siicht vum Tom. Wann um Ufank d’Geschicht nach e bëssi zéi ass, gëtt se zum Schluss awer ëmmer méi spannend. Um Enn konnt ech d’Buch iwwerhaapt nët méi aus der Hand leeën. Ech war richteg an der Geschicht dran an och bei mir ass ëmmer méi Angscht opkomm. Op eemol fänkt een dann och un, iwwerall Gepëspers ze héieren.
Dem Alex North säin éischt Buch gouf ganz grouss ugekënnegt an war elo vill am Gespréich. Fir mech huet d’Buch d’Erwaardungen dann och ganz erfëllt. Mech huet d’Buch absolut gepaakt. Wei awer ëmmer bei Krimien ass dëst natierlech "affaire de goût". Ech hoffen awer, datt mer vum Englänner Alex North ganz geschwënn nees, a Form vun engem neie Buch, héieren.