Vun eisem Buch vun der Woch huet deen een oder anere vläicht schonn héieren. 'Miroloi' ass den Debut-Roman vum Karen Köhlers an e gesellschaftskritescht Buch, dat am Moment ënnert Literaturkritiker vill beschwat gëtt. Fir eis huet d’Tiffany Saska sech d’Buch méi genee ugekuckt.

03/09/2019 Buch vun der Woch Miroloi

"Miroloi" ass d’Geschicht vun engem jonke Meedchen, dat ausbrieche wëll. Eraus aus enger patriarchalescher, fundamentalistescher Gesellschaft an där hatt net wëllkomm ass. Wisou? Et huet keng Elteren, keng Wuerzelen an domat keng Daseinsberechtegung. A schlussendlech huet et keng Rechter, mol net op en Numm. Et gëtt vu sengem Ersatzpapp an enger Fra aus dem Duerf groussgezunn a muss fir jidderee schaffen. Wéi säi Papp dunn awer stierft ass hatt net nëmmen ouni Identitéit, mä och verluer an dëser Gesellschaft an där fir Leit ewéi hatt keng Plaz ass. Se nennen et Eselshure, Schlitzi, Nachgeburt der Hölle, mä hatt wëll sech wieren.
An 128 Strophe beschreift hatt d’Liewen an dëser Gesellschaft aus verschiddene Bléckwénkelen. Strophen an net Kapitelen, well et sech ëm säi Miroloi handelt. Miroloi heescht am Griicheschen „Klagelied“ oder och eng Ried iwwert d'Schicksal. Fir genee ze sinn handelt et sech ëm en Doudegesank fir Verstuerwener a kënnt aus der Traditioun vun der griichesch-orthodoxer Kierch. D’Männer ginn den Toun un, d’Fraen hu sech un d'Reegelen ze halen an d’Traditioune ginn ganz héich gehalen. Hatt beschreift d'Duerfliewen a sämtlechen Detailer, ewéi se schaffen, wie wat bestëmmt, wat se duerfen a wat net, an nach villes méi. Leider vill ze vill, an immens laangootmeg kommen engem domat di 460 Säiten vir. Deelweis fält et doduerch dann och immens schwéier weiderzeliesen.
An wéi den Titel et schonns undeit, kann een d’Buch als Dystopie verstoen Et gëtt en negatiivt Bild vun enger Gesellschaft gezeechent, déi et an Wierklechkeet awer net gëtt. Mä natierlech loosse sech Parallellen zu aktuellen Themen opweisen, erklären, kritiséieren.
Erzielt gëtt d‘Geschicht aus der Perspektiv vun der jonker Fra. Schnell mierkt een, datt eng Kannersprooch benotzt gëtt, vill Widderhuelungen optauchen, ze vill Opzielunge virkommen an den Text sech leider net flësseg liese léist. Et kéint ee mengen, et wier en Theaterstéck. Där huet d‘Karen Köhlers jo scho virun hirem éischte Buch e puer geschriwwen. Oder vläicht d'Lyrics vun engem Museksstéck. Op enger Plaz hunn ech missen duerch d'Wierder an den Sazbau un „Zurück zum Glück“ vun den Toten Hosen denken. D’Buch huet och de Feminismus zum Thema, e Sujet, dee sécherlech zum wäit verbreeten Trend gouf an deen Lieser, oder vill méi d’Lieserinnen, dozou invitéiere soll sech mat der Haaptprotagonistin ze identifizéieren – kompromësslos an onreflektéiert.
Inhaltlech also sécherlech staark Themen, déi awer scho besser literaresch verschafft goufen. Souwuel d’Gesellschaftskritik wéi och de Feminismus ginn ze  eesäiteg, ze einfach, ze schwaarz-wäiss behandelt. Sproochlech sollen d’Thematiken dann nach ënnerstëtzt ginn, wat awer net geléngt. D‘Buch versicht sech duerch déi Kombinatioun ofzegrenzen a gëtt awer genee doduerch inhaltlech nees zum Mainstream a sproochlech einfach desagreabel ze liesen. Bei mir huet sech ganz einfach d’Fro gestallt, ob et dann elo Literatur oder Belletristik soll sinn, well et dem Buch net geléngt sech ze positionéieren.
De Carl Hanser Verlag huet dëst Buch als di grouss Nouveautéit presentéiert, eng ganz Marketing-Machinerie lancéiert an domat decidéiert, datt dëst Buch gutt muss sinn. Mä Gott säi Dank, dierf nach ëmmer jidderee selwer entscheeden, ob en e Buch gutt oder schlecht fënnt.

D'Buch "Miroloi" ass am Carl Hanser Verlag erauskomm.