Wat liese Lëtzebuerger Schrëftsteller wann se net grad selwer schreiwen? Mir hu beim Claudine Muno a beim Jean Back nogefrot a si hunn allebéid e puer Buchtipps fir Iech parat. Mä och d'Bea Kneip huet säi perséinleche Coup de Coeur fir dëse Summer.

15/08/2019 Lecture vun heiheem: Buchtipps vum Jean Back a Claudine Muno

D'Schreiwen an d'Fotografie, dat sinn déi zwou grouss Passioune vum Jean Back. Mä wie schreiwe seet, dee seet och liesen, a wéi eng Bicher him an der Lescht besonnesch gutt gefall hunn, dat verréit de Jean Back elo direkt:
De Sasa Stanisic, 1978 a Bosnie gebuer, konnt schonn 2006 direkt mat sengem Débutroman "Wie der Soldat das Grammofon repariert" iwwerzeegen. "Herkunft" ass säin neitsten an a groussen Deeler autobiografesche Roman.
De Philip Roth gouf och  laang als Favorit fir de Literaturnobelpräis gehandelt, deen en awer ni kritt huet. An "Der menschliche Makel" am Original "The human stain" geet et ëm den Universitéitsprofesser Coleman Silk, dee wéinst enger onglécklecher Formuléierung Rassismus virgehäit kritt an doropshinn säin Hutt huele muss. "The human stain" koum am Joer 2000 als Roman eraus a gouf 3 Joer méi spéit verfilmt, mam Anthony Hopkins an Nicole Kidman an den Haaptrollen.

D'Claudine Muno huet e Buchtipp den net nëmme fir jonk Lieser interessant ass:

"Simon vs the Homo Sapiens Agenda" vun der jonker Amerikanerin Becky Albertalli gëtt et och op Däitsch, ënnert dem Titel "Nur drei Worte". D'Coming-Out Story ronderëm dee 16 Joer jonken High-School Schüler Simon ass d'lescht Joer och an de Kino komm, mam Titel: "Love, Simon".

De Coup de Coeur vum Bea Kneip:
„De Superjhemp ënnert dem Röntgebléck“
ass jo den Titel vun der Ausstellung déi nach bis den 29sten November am CNL zu Miersch ze gesinn ass, an déi ee wierklech op kee Fall verpasse sollt. Dat gëllt och fir den Ausstellungskatalog, dee mat Artikelen vum Claude D.Conter, Claude Kremer, Anouk Stephano, Lucien Czuga a villen aneren zu engem richtege klenge Bijou ginn ass. Besonnesch gefall huet mir och dass aner bekannt Zeechner wéi zum Beispill de Marc Angel oder d’Sabrina Kaufmann mat eegenen Zeechnungen de Superjhemp nei interpretéiert hunn. Eng Ausstellung an e Katalog déi richteg Spaass maachen an eise luxusbuerger Superheld an engem ganz neie Liicht weisen. D'Ausstellung ass op vu Méindes bis Freides vun 09h00 bis 17h00, de Katalog kann een direkt am CNL kafen, oder an all guddem Bicherbuttek.

© Luchterhand Verlag

© Vintage

© Balzer and Bray

© CNL

Saša Stanišić "Herkunft" (Luchterhand Literaturverlag)
Philip Roth "The Human Stain" / "Der menschliche Makel"
Becky Albertalli "Simon vs the Homo Sapiens Agenda" / "Nur drei Worte"
"De Superjhemp ënnert dem Röntgebléck" CNL