D'Welt brennt an de Mënsch kuckt no. De Bryan Walsh presentéiert säi Buch End Times. Wourëms geet et? Wéi den Titel et seet, ëm d'Enn. De Jeff Dondelinger.

02/09/2019 Buch: End Times

D'Majoritéit vun de Spezies, di op der Äerd gelieft hu sinn ausgestuerwen an et ass onwahrscheinlech, datt d'Mënschen op laang Siicht eng Ausnam duerstellen. Dat ass d'Prämiss vum Bryan Walsh sengem Buch 'End Times'. Den Autor huet als Journalist an d' Editeur fir d'Time Magazine geschafft. Mat sengem Wierk trëfft hien den Zäitgeescht. Ënnergang-Stëmmung ass de Moment iwwerall present. De Klimawandel, onkontrolléiert Bëschbränn an d'Angscht virun engem Atomkrich beschäftegen d'Mënschheet momentan.

De Bryan Walsh beschäftegt sech mam Enn vun der Mënschheet. A sengem Wierk gëtt an all Kapitel een Zeenario duergestallt, dat kéint zur Apokalyps féieren. Ënnert de gréisste Gefore fir d'Mënschheet gesäit de Walsh Asteroiden, déi d'Welt treffen, Supervulkaner, déi ausbriechen, mënschlech gemaachte Klimawandel, Epidemien a kënschtlech verännert Organismen.

Dëst kléngt no den üblechen Hollywood Ennzäit Blockbusteren, mee seng Approche ass eng seriöe. Fir e maximum u Credibilitéit huet de Walsh sech mat Fuerscher ënnerhalen an eng ganz Rei u wëssenschaftleche Publikatioune gelies. Fir d'Kapitel iwwert d'Asteroiden war hien um Mount Lemmon Observatory zu Arizona, well Hien d'Bedreeung besser verstoen wollt.

Wat säi Buch besonnesch interessant mëscht ass, datt Hie net nëmmen di verschidde Bedreeungs-Zeenarien illustréiert, mee och Léisungen ubitt an en Abléck dora gëtt, wat d'Fuerscher momentan ënnerhuele fir Katastrophen ze verhënneren. Sou proposéiert Hien d'Länner solle méi an d'Asteroiden Ofwier investéieren. Gläichzäiteg schreift en awer och, datt d'Nasa zesumme mat der European Space Agency 2022 wëlle probéieren duerch e kontrolléierte crash mat engem Raumschëff  d'Bunn vun engem Asteroid ze änneren. Méi witzeg ass seng Iddi Kilometeren déif ze bueren a kaalt d'Waasser an d'Supervulkaner ze schëdden.

Trotz deem düsteren Thema bréngt de Bryan Walsh et fäerdeg d'Ennzäitstëmmung mat Humor ze beschreiwen. Wat als depressiv Lektür ufänkt huet trotzdeem duerchaus optimistesch Zich, well ëmmer en Auswee duerstellt gëtt. Säi Message ass, datt et eleng un der Mënschheet läit op mir iwwerliewen oder net. Zum gréissten Deel géif et op déi richteg Decisiounen ukommen.