Een Debutroman, deen hoffe léisst, dass nach dat eent oder anert Buch nokënnt. Mat "Der Gesang der Flusskrebse" huet d'Delia Owens eng Geschicht gesponnen, déi d'Julie Dupont bis bei dat lescht Wuert an hirer Welt gehalen huet.

27/08/2019 Buch vun der Woch: Der Gesang der Flusskrebse

Am Oktober 1969 steet an der klenger Stad Barkley Cove, am amerikanesche South Carolina alles op der Kopp. Dem Chase Andrews, lokale Football-Star, seng Läich gëtt fonnt, an dat am Marschland, enger sumpfähnlecher Landschaft just baussent der Stad. Schnell kënnt beim Sheriff ee Verdacht op wien et kéint gewiescht sinn.

Et ass awer net dem Chase Andrews seng Geschicht déi mer eigentlech gewise kréien. Et geet am Buch "Der Gesang der Flusskrebse" em d'Kya, ee Meedchen dat am Marschland lieft an do opwiisst.

Dem Kya seng Geschicht fänkt 1952 un, wéi hatt mueres wakereg gëtt a gesäit, dass seng Mamm grad fortgeet. Dem Kya fält nach op, dass seng Mamm hir beschte Schong unhuet, ier se em den Eck geet, a fort ass. Vun dem Moment un begleed de Lieser d'Liewe vum "Marschmädchen", wéi et an der Stad Barkley Cove genannt gëtt. Nodeems seng Mamm fortgaangen ass, verschwannen och dem Kya seng Geschwëster, een nom aneren. Um Schluss ass dat klengt Meedche ganz elleng an der Hütt matten am Marschland. Ënnerkréien léisst et sech awer net, a fënnt no an no säi Wee.

Parallel zum Kya senger Geschicht gi mer gewuer wéi et am Mordfall vum Chase Andrews weidergeet, a wéi des Geschicht mam Kya senger eegener zesummen hänkt.

"Der Gesang der Flusskrebse" hëlt ee mat an eng Zäit wou eis Welt definitiv nach eng aner war. Op et eng besser Welt war, sief dohi gestallt. D'Landschaften an d'Natur ware jiddefalls nach anecht. Méi wëll, a méi fräi. Dass d'Natur eng grouss Roll spillt am Delia Owens sengem Debut Roman ass net ganz verwonnerlech. Si huet jorelaang als Zoologin geschafft. Der Schrëftstellerin hir Verbonnenheet zur Natur, spigelt sech deels am Kya erëm, awer och an de Beschreiwunge vum Marschland, sief dat bei den Déieren oder bei de Planzen déi een an dësem Liewensraum fënnt. Ausserdeem faszinéiert d'Delia Owens mat enger éischter ongewéinlecher Geschicht iwwert d'Erwuesse ginn. Vum klenge Meedche, begleede mer d'Kya dobäi wéi hatt no an no eng Fra gëtt, ënner net ëmmer einfache Konditiounen. Ouni ze vill Sentimentalitéit, weist Sie eis, wéi d'Gesellschaft deemools fonctionnéiert huet, a wat dat fir Persoune geheescht huet, déi éischter um Rand vun dëser Gesellschaft geliewt hunn.

"Der Gesang der Flusskrebse" ass eng gutt Mëschung tëscht Roman a Krimi. Nieft enger paakender Geschicht, sinn et och d'Personnagen déi engem un d'Häerz wuessen. Dobäi kennt d'Omnipräsenz vun der Natur, déi ee mathëlt an eng vergiesse Welt, an ee wënschen deet dem Kya säi Marschland eng Kéier selwer z'erliewen.