Eist Buch vun der Woch hëlt eis mat an Däitschland, wéi dëst Land nach getrennt war an dunn nees zesumme koum. Am Mëttelpunkt vun dësem Roman stinn 2 Frënn, den Thomas an den Daniel aus Rostock, déi net méi verschidde kéinte sinn an awer bleiwe si e Liewe laang Frënn, d'Marie Gales huet d'Buch gelies.

10/09/2019 Buch vun der Woch: Alles richtig gemacht

Déi 2 sinn nach jonk, wéi 1989 d'Mauer fält an d'DDR op en Enn geet. Eng nei Zäit geet un a matzendran den Thomas an den Daniel, déi elo eraus an d'Welt wëllen a sou méi dacks a West-Berlin op d'Tromm haen an hiert Liewen endlech genéisse wëllen. Den Thomas ass den Ech-Erzieler a mir gesinn alles aus senger Sicht; hie kënnt aus enger biergerlecher Famill mat Mamm a Papp, déi eng Drogerie hunn an den Daniel ass säi Kolleg, dee mat senger Mamm eleng lieft an déi och mol mat den 2 Frënn op den Tour geet.

D'Geschicht start an eiser Zäit, geet awer ëmmer nees zréck an den Passé. Den Thomas ass elo Affekot an den Daniel daucht nees op, nodeems hien 10 Joer verschwonne war. Ass et Zoufall, dass och dem Thomas seng Fra deen Ament hie verlooss huet a firwat ass den Daniel nees do?

''Alles richtig gemacht'' heescht d'Buch a geheit mat deem Titel dach eng Rei Froen op, wann een um Enn vum Buch ukomm ass. Hunn déi 2 Männer, ëm déi et jo geet, wierklech alles richteg gemaach? War et wierklech richteg Biller ze fälschen an domadder vill Suen ze verdéngen?

A wéini weess een iwwerhaapt dass een alles richteg gemaach huet? A kann een iwwerhaapt alles richteg maachen an huet een en Afloss dorobber?

Den Toun vum Buch ass immens flott, et huet een d'Gefill dass de Gregor Sander engem carrement d'Geschicht virliese géif. De Stil ass flott, erzieleresch a flësseg gehalen, sou dass ee bei der Staang bleift e virwëtzeg ass, wat als nächst geschitt am Liewe vun deenen 2. De Schluss hätt ech mech anescht gewënscht, dee steet e bëssi op an et weess een net wéi et weider geet. Leider weess een dat ni am Liewen! An dofir ass de Schluss vläicht awer dowéinst genee richteg.

De Gregor Sander koum 1968 zu Schwerin op d'Welt, och an der DDR an nodeems hien e puer Semester Medezin studéiert hat, goung säin Interessi bei d'Schreiwen. 2002 hat hie seng literaresch Karriär mam Buch ''Ich aber bin hier geboren'' ugefaangen, ''Alles richtig gemacht'' ass säi fuschneit Buch an ass bei Penguin Verlag erauskomm.