No de griichesche Mythen, an 2 Bänn mat de schéinste Soe vu Lëtzebuerg hëlt eis de Romain Jeblick an engem 4te Band elo mat an den héije Norden. D'Wikinger an hir Mythologie kenne mer jo net nëmmen aus de Geschichtsbicher, mä och aus der Populärkultur. Vun der Kannerserie "Wickie und die starken Männer", iwwert d'Marvel-Filmer déi op den "Thor-Comics" vum Stan Lee baséieren, bis bei d'Erfollegs-Serie "Vikings" ronderëm de Vikinger-Kinnek Ragnar Lodbrok, vun deene raue Gesellen aus dem Norden ass schonn ëmmer eng gewëss Faszinatioun ausgaangen. D'Bea Kneip huet sech mam Auteur Romain Jeblick ënnerhalen.

11/09/2019 Lecture vun heiheem: Nordesch Mythen op Lëtzebuergesch (R.Jeblick)

Joerhonnertelaang hunn d'Wikingerstämm aus dem heidege Skandinavien Europa terroriséiert. Den Iwwerfall op d'Klouschter Lindisfarne am Joer 793 war nëmmen den éischten an enger laanger Rei vun Ugrëff op de briteschen Inselen an a ganz Westeuropa. Souguer bis op Paräis si se komm, d'Stad un der Seine gouf bal e Joer laang belagert. Vill Wikinger hunn sech och an deene Gebitter néiergelooss, zum Beispill an der Normandie, der se och hiren Numm ginn hunn. Grond genuch fir sech och fir déi nordesch Mythologie z'interesséieren. Wichteg Gëtter wéi Thor oder Odin dierften deene meeschten e Begrëff sinn, den nordesche Pantheon ass awer nach vill méi komplex.Fir do den Iwwerbléck net ze verléieren gëtt et am Buch e "Walhalllexikon" . Doran gëtt geneeë erklärt wou zum Beispill Midgard läit a wat et mat der Midgardschlaang op sech huet, firwat den Asegott Loki keng Gudd an der Kopp huet a wien, oder villméi wat, de Mjölnir ass.
Eent ass sécher, d'Geschichte ronderëm déi nordesch Gëtterwelt sinn opreegend a spannend, wann och net onbedéngt eppes fir schwaach Nerven...

Och dat ass e wichtegen Aspekt vun alle Mythologien uechter d'Welt: laang virun den Entdeckungen vun der moderner Wëssenschaft hunn d'Mënsche probéiert sech d'Welt mat hiren Naturphänomener z'erklären, an se mat Gëtter a Geeschter bevëlkert déi deene Stierfleche mol méi, mol manner gutt gesënnt waren. 

Déi nordesch Gëtter kréien am Romain Jeblick sengem Buch och e Gesiicht, an dat hunn se dem Zeechner Carlo Schneider ze verdanken.

Fir ze liesen, fir ze kucken an och fir de ze lauschteren ass eppes dobäi: déi 5 Geschichten déi de Romain Jeblick fir dëst Buch erausgesicht huet, kann een sech nämlech och op CD erziele loossen. Fir méi grouss Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ass et eng flott Manéier fir sech ënnerhalen ze loossen, an iwwerdeems nach eppes bäizeléieren, iwwert d'Welt vun Asgard a Walhall.

 "Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch, Band 2: Déi nordesch Mythen" gouf vum Romain Jeblick op Lëtzebuergesch adaptéiert, a vum Carlo Schneider illustréiert. E Lauschterbuch op CD gëtt matgeliwwert, an erauskomm ass et an der Editioun Friederich-Schmit.

© RTL/Bea Kneip