Als Fils vun engem berühmte Papp ass et net ëmmer einfach, sech en eegene Virnumm ze maachen. Dem Matthias Brandt, dem Bouf vum Willy Brandt, ass dat awer gelongen. Hie gehéiert mëttlerweil zu der éischter Garde vun de Schauspiller an Däitschland, an dat net nëmmen duerch seng Roll als Polizeikommissär am Sonndeskrimi « Polizeiruf 110 ». Zënter kuerzem probéiert hie sech och mat vill Erfolleg als Schrëftsteller. Elo ass « Blackbird », säin éischte Roman erauskomm. De Lucien Czuga huet et gelies

17/09/2019 Buch vun der Woch: Blackbird

« Blackbird » spillt an de siwwenzeger Joeren vum leschte Joerhonnert an enger klenger Stad an der deemoleger BRD. Et ass e sougenannte « Coming-of-age-Roman », dat heescht, e beschreift dem Held säi schwieregen Iwwergank vun engem Liewen als Teenager an der Pubertéit an d’Erwuesseneliewen, vun enger onbeschwéierter Kandheet an eng Existenz, déi vu Begrëffer wéi Léift, Verantwortung an Doud dominéiert gëtt.

De 16jährege Morten Schumacher, dee vu jidderengem nëmme Motte genannt gëtt, erlieft hei seng éischt Léift a säin éischte Libeskummer, seng Eltere ginn auserneen an da kritt en op eemol nach d’Noriicht, dass säi beschte Frënd Manfred, alias Bogi, mat enger schlëmmer Krankheet an d’Spidol huet missten ageliwwert ginn. A vun deem Moment un ass näischt méi esou wéi et virdru war…

Glécklecherweis begéint de Motte ëmmer nees Leit, déi him an dëser schwéierer Zäit eng Stäip sinn : d’Steffi, eng Schaaschtechbotzesch, déi net op de Mond gefall ass, an déi sech lues a lues zu senger Frëndin entwéckelt, den Neandertal-Klaus, e Spéithippie, deen hie säin éischten Joint fëmmen deet, dee coole Schwammmeeschter Elvis, dee mat him um 10-Meterbriet zwou Fläschen Amselfelderwäin drénkt, déi dem Roman
wahrscheinlech och den Numm ginn, an eng ganz Rei aner Personnagen, déi dem Lieser laang an Erënnerung wäerte bleiwen.

Ëmmer nees gëtt et evident, dass d’Sproochlosegkeet an dem Motte seng Onfähegkeet, sech z’artikuléieren, wann hie mat Schicksalsschléi konfrontéiert gëtt, e wichtegen Deel vu senger Perséinlechkeet ass. Den Doud vu sengem beschte Frënd Bogi verschléit him dann awer am richtege Sënn vum Wuert d’Sprooch, sou dass hie souguer eng Zäitchen an d’Psychiatrie muss ageliwwert ginn…

Iwwerhaapt d’Sprooch : an dësem Roman huet de Matthias Brandt en direkten, extrem witzegen an ironesche Stil, deen déi Joren exzellent beschreift an de Lieser méi wéi eng Kéier haart laachen deet. Dobäi kënnt dann och nach de Soundtrack vun de Siwwenzeger, dee sech wéi eng ënnerschwelleg Melodie duerch de ganze Roman zitt.

Mat « Blackbird » beweist de Matthias Brandt, dass hien net nëmmen e brillante Schauspiller ass, mä och en exzellente Schrëftsteller.

« Blackbird » ass am Verlag Kiepenheuer und Witsch erauskomm