1894 gouf d'Prinzessin Marie Adelheid als eelsten Duechter vum spéidere Grand-Duc Guillaume IV gebuer. Nom fréien Doud vun hirem Papp koum si schonn 1912, mat grad emol 18 Joer op den Troun. Et war mouvementéiert Zäiten, net nëmmen zu Lëtzebuerg. Nom éischte Weltkrich gouf der jonker Monarchin eng ze vill däitschfrëndlech Astellung während der Okkupatioun virgehäit. Am Januar 1919 huet si zu Gonschte vun hirer Schwëster, der spéiderer Groussherzogin Charlotte, op den Troun verzicht. Domat war d'Monarchie virleefeg gerett, awer eréischt mam Referendum vum 28ste September 1919 gouf déi Staatsform, déi mir och haut nach hunn, vun de Wieler confirméiert. "Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau" ass den Titel vun enger Biografie déi den Historiker an Direkter vum groussherzoglechen Archiv, Pierre Even, publizéiert huet. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.  

18/09/2019 Lecture vun heiheem: "Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau" P.Even

© Editions Saint-Paul

Resumé (dee komplette Reportage kann een am Audio nolauschteren) :
Mat hirer Groussjäregkeet am Juni 1912, gouf d'Prinzessin Marie Adelheid Groussherzogin vu Lëtzebuerg. Hire Papp, de Grand Duc Guillaume de 4ten, war am Februar verstuerwen, an elo war et un der eelster vu 6 Prinzessinnen fir d'Staatsgeschäfter z'iwwerhuelen.
Vill Zäit hat si net fir sech op déi nei Responsabilitéit virzebereeden.
Schonn direkt um Ufank ass si ënner Drock geroden. Dofir dass si dat neit Schoulgesetz eréischt no e puer Wochen ënnerschriwwen huet, gouf si zolitt kritiséiert. Nach méi ëmstridde war déi Audienz déi si am August 1914 dem däitsche Keeser Wilhelm accordéiert huet. 
Am November 1918 gouf zu Compiègne de Waffestëllstand ënnerschriwwen den den éischte Weltkrich op en Enn bruecht huet. Zu Lëtzebuerg gouf iwwerdeems ëmmer méi energesch d'Ofdankung vun der Groussherzogin gefuerdert. Dozou sollt et awer eréischt am Januar 1919 kommen. De 15te Januar huet déi nei Groussherzogin Charlotte den Eed op d'Verfaassung ofgeluecht, d'Marie Adelheid huet zwou Wochen duerno d'Land fir ëmmer verlooss. Fir d'éischt goung et an d'Schwäiz, duerno op Roum a vun do aus an d'Karmelitterinneklouschter op Modena. Scho fréi hunn sech awer gesondheetlech Problemer bemierkbar gemaach. Am Januar 1924 ass déi fréier Groussherzogin Marie Adelheid mat nëmmen 29 Joer gestuerwen.
De Pierre Even huet laang an intensiv recherchéiert, fir dës Biografie ze schreiwen. Op alle Fall war et eng decisiv Phase an der Geschicht vun eisem Land an et ass och elo, honnert Joer duerno, nach derwäert sech dofir z'interesséieren.

"Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau" vum Pierre Even ass an der Serie "Lëtzebuerger Biografien" bei den éditions Saint-Paul erauskomm.