« Ultimatum » ass schonn dee 5. Politthriller ronderëm de Berliner Kommissär de Bodt, dee vu senge Géigner grad esou wéi vun senge wéinege Frënn als en arrogante, weltfriemen Eenzelgänger beschriwwe gëtt. Dës Kéier muss hien net nëmmen e Fall léisen, deen Däitschland betrëfft, mä hie soll dofir suergen, dass a ganz Europa net de Chaos ausbrécht. Ob him dat geléngt, seet eis elo de Lucien Czuga

01/10/2019 Buch vun der Woch: Ultimatum

Zu Berlin gëtt de Mann vun der Bundeskanzlerin entféiert a kuerz drop fuerderen d’Entféierer dass déi den Inneminister entléisst. Well déi däitsch Regierungscheffin net dorop ageet, kritt si e puer Deeg méi spéit déi ofgeseeten Hand vun hirem Mann mat der Post geschéckt. An dës Kéier wëllen d’Erpresser, dass Däitschland d’Scholde vun de südlechen Eurolänner iwwerhëlt, eng Fuerderung, déi natierlech onméiglech kann erfëllt ginn.

Et geléngt dem Kommissär de Bodt zesumme mat sengen Assistente Salinger a Yussuf, der Kanzlerin hire Mann ze befreien, mä zur selwechter Zäit gëtt d’Fra vum franséische President entféiert. An d’Spill widderhëlt sech : wéi deen net drop ageet, all franséisch Militäraktiounen am Ausland ze stoppen, kritt hien déi lénks Hand vun senger Fra an den Elysée-Palais geschéckt.

Gläichzäiteg gëtt eng Fra an hire Fils vun där selwechter Terrorgrupp (oder ass et eng aner ?) op enger einsamer Insel festgehale, fir dass de Familljepapp, deen an der Atomzentral Gundremmingen schafft, déi mat engem Virus infizéiert. Wéi deen awer heemlech d’Autoritéiten informéiert an déi drop an dru sinn de Problem ze léisen, flitt eng aner Atomzentral, Isar 2 a Bayern, an d’Lut. 200 Leit stierwen dobäi an déi ganz Géigend ronderëm gëtt verseucht.

A wéi wann dat net géif duergoen, ginn iwwerall op der Welt russesch Diplomaten an héich Fonctionnairen ëmbruecht oder stierwe bei mysteriéisen Accidenter. No an no gëtt den de Bodt sech bewosst, dass all des Evenementer zesummenhänken, mä e weess net wéi, bis en op eemol begräift, dass eng nach méi grouss Katastroph an der Loft läit an dass dofir nëmmen eng Grupp Leit a Fro kënnt…

Entféierung, Erpressung, Mord, Atomexplosioun a Cyberattacken : mat « Ultimatum » wëll de Christian von Ditfurth an enger Kéier e ganze Koup gliddeg Eisen upaken a verbrennt sech dobäi nawell fatzeg d’Fanger. Well um Enn huet hien dat Ganzt iwwerhaapt net méi am Grëff an de Lieser freet sech, firwat hien sech duerch déi 450 Säite vum Buch geknat huet fir mat esou engem onglafwierdege Schluss konfrontéiert ze ginn. Dobäi kënnt och nach e Schreifstil, deen iwwerhaapt keen ass, an e Kommissär, deen ausser e puer Hegel-, Nietzsche- an Hobbes- Zitater net vill ze bidden huet.