Eppes um Internet bestellen, an et da vun enger Dron geliwwert kréien; dat ass wuel nach e bëssen Zukunftsmusek, an awer kënne mir eis dat haut scho virstellen. Mä einfach guer net méi an e Buttek goen a carrement alles per Mausklick kafen, dat wier dann awer e bësse radikal. An eisem Buch vun der Woch ass dat Realitéit. D’Bea Kneip stellt Iech “Der Store” vum Rob Hart vir.

08/10/2019 Buch vun der Woch: "Der Store" vum Rob Hart

“Cloud” sou heescht dee weltgréissten Online-Ubidder an dësem dystopesche Roman, deen ongeféier an der Mëtt vum 21ste Jorhonnert spilt. De Klimawandel huet grouss Deeler vun der Äerd an eng onbewunnbar Wüst verwandelt, dat ass awer just ee vun de Grënn firwat d’Mënschen hir Akeef léiwer online erledegen. Bei “Cloud” kritt een einfach alles, an et gëtt am Nullkommanäischt geliwwert. Eng seriö Konkurrenz huet de Cloud-Imperium scho laang net méi. Och dem Paxton säi Betrib huet missten zoumaachen, (well géint d’Präisdiktat vu Cloud kee Kraut gewuess war.) Elo bleift him just nach eng Alternativ: eng Aarbecht bei grad der Firma unzehuelen déi hie ruinéiert huet. Dat heescht fir d’éischt emol e komplexe Rekrutéierungsprozess duerchzestoen fir da villäicht zu den Auserwielten ze gehéieren. De Paxton kritt d’Plaz a léiert do d’Zinnia kennen, eng jonk Fra vun der hien op den éischte Bléck faszinéiert ass. D’Zinnia kritt eng Plaz als “Sammlerin” zougewisen, dat heescht all Dag Kilometere a Kilometere duerch d’Lagerhale lafe fir d’Commanden zesummenzestellen. De Paxton kritt e Pak mat bloe Polohiemer, d’Uniform vum Sécherheetspersonal. Dat wichtegst awer: allebéid kréien se e “Cloudband” e Bracelet ouni den een an der Mothercloud emol net seng Schlofkummer verloosse kann…

Zinnia fuhr mit dem Zeigefinger über das Display der Uhr. So glatt, dass es schlüpfrig war. Als sie das Band anlegte, schnappte der Magnetverschluss über der dünnen Haut an der Innenseite ihres Handgelenks zu.
Nachts aufladen. Sonst nicht abnehmen, weil es Gesundheitsdaten aufzeichnete, Türen öffnete, dein Rating registrierte, Arbeitsaufgaben übermittelte, Transaktionen abwickelte und wahrscheinlich noch hundert andere Dinge tat, die man in der Mothercloud brauchte.
Genauso gut hätte man Handschellen tragen können.

Déi verschidde Motherclouds, an deenen d’Mataarbechter liewen a schaffen, sinn eng Welt fir sech, d’Lieweswierk vum Gibson Wells, dem Grënner an CEO vum Cloud-Imperium. Nieft de Kapitelen déi aus der Siicht vum Zinnia oder vum Paxton erzielt ginn, mellt och hien sech ëmmer nees zu Wuert, erzielt wéi alles ugefaangen huet, a mécht sech d’Gedanken ëm d’Zukunft vun der hie selwer wuel net méi vill matkréie wäert; dee räichste Mann vun der Welt ass onheelbar krank.
 Iwwerdeems de Paxton an d’Zinnia sech op hiren neie Plazen aliewen an sech un dee frenetesche Rythmus gewinnen den d’Cloud vun hire Mataarbechter fuerdert, entwéckelt sech lues a lues och hir Bezéiung zoueneen. Just dass de Paxton keng Ahnung huet, wéi ee Geheimnis sech hannert der schéiner Fassade vum Cloud-Konzern verstoppt…an och net dass d’Zinnia a Wierklechkeet eng Industriespiounin ass, déi probéiert ebe just dat erauszefannen…
Dystopesch Romaner gouf et schonn ëmmer, mä et kritt een ëmmer méi d’Gefill dass déi Dystopien sech geféierlech no un der Realitéit bewegen. “Der Store” ass wuel eent vun de bessere Beispiller vum Genre. Et stécht zemol doduerch eraus, dass et hei net en totalitäre Regime oder eng dogmatesch Ideologie ass, déi all Aspekter vum Liewe kontrolléiert, mä ganz einfach “Big Business”. Ob dat allerdéngs besser ass, dat sief dohigestallt…
De Rob Hart, 1982 zu New York gebuer, huet ënner anerem als politesche Journalist a Kommuniktiounsmanager fir Politiker geschafft. Ausserdeem huet en e Band mat Kuerzgeschichten erausbruecht an ass den Auteur vun enger Krimi-Serie ronderëm de  Privatdetektiv Ash McKenna.

“The warehouse”, sou den Originaltitel vum Rob Hart sengem éischte gréissere Roman-Projet, ass praktesch zäitgläich mat der däitscher Iwwersetzung erauskomm.  “Der Store” ass op Däitsch am Heyne Verlag ze fannen.