Nee, et ass kee Buch iwwer Dinosaurier, dat mir Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen! "Magnetosaurus Nostalgodon" ass den éischte Roman vum Jean-Marc Lantz, den sech bis elo éischter als Kënschtler en Numm gemaach hat. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

02/10/2019 Lecture vun heiheem: "Magnetosaurus Nostalgodon" vum Jean-Marc Lantz

Am Haaptberuff ass de Jean-Marc Lantz Engleschproff, a säi Roman spillt och zum Deel a Groussbritannien, verschidde Kapitelen si souguer op Englesch geschriwwen. Déi éischt Säiten entféieren eis awer an d'Stad op de Glacis. "Wann ee Lëtzebuerg wëll gesinn, muss een op d'Fouer kommen. No an no kënnt all Mënsch laanscht, sou wéi d'Biller vum Liewen engem, den ersäift, d'Stierwen erliichteren." 
"Magnetosaurus Nostalgodon" ass, dem Klappentext no, e "Coming-of-age Roman voller Komik, Tragik an Nostalgie". Haaptpersoun ass de Joé den an den 80er Joren zu Péiteng opwiisst. Seng Kollegen, mat deenen en zesummen an enger Band spillt, säi Studium a Groussbritannien, an déi Fraen, deenen en op sengem Wee begéint. Do ass fir d'éischt emol seng kleng Adoptivschwëster Gritti, déi duerch hire fréien Doud eng déif Wonn hannerléisst. Dann d'Mala mat dem en a senger Studienzäit duerch déi walisesch Landschaft spadséiert. Oder d'Beth, eng onkonventionell jonk Fra, déi awer och mat chroneschen Depressiounen ze kämpfen huet. Eng Situatioun mat der de Joé iwwerfuerdert ass.

Er kritt een den Androck, dass de Joé sech och guer net wëll mat der Realitéit ausenanersetzen

An der Nostalgie gesäit de Jean-Marc Lantz eng Gefor. Déi gutt al Zäite si vill ze dacks eng Illusioun, e Verlaangeren no eppes dat et esou ni gouf an dat et villäicht och nimools wäert ginn.

Sou schreift den Auteur wuel iwwert d'80er, déi och seng Jugendzäit waren, ouni awer selwer an d'Nostalgie-Fal ze goen. Net onbedéngt Nostalgie, dofir awer vill Detailer a vill Zitater aus Literatur a Musek, déi de Magnetosaurus dann awer e bësse schwéierfälleg ausgesi loossen. Dat mécht et dem Lieser mat Momenter schwéier fir bei der Staang ze bleiwen. Dem géintiwwer steet e ganz kreativen Ëmgang mat der Sprooch, souwuel mat Lëtzebuergeschen wéi och mam Engleschen.

"Magnetosaurus Nostalgodon" vum Jean-Marc Lantz ass bei Capybarabooks erauskomm.

© RTL/Bea Kneip